POPULARITY
De Prix Inter ass e bëssen en Ovni an der Landschaft vun de sëllege Literaturpräisser, déi et a Frankräich gëtt, eleng, well en net am Hierscht, mee am spéide Fréijoer vergi gëtt an domat eeben net just Bicher vun der Rentrée littéraire op der Shortlëscht huet. Gegrënnt vu France Inter huet de Präis ee wiesselende Jury, deen dëst Joer vum Laurent Mauviginier, Gewënner vum Prix Goncourt 2025, presidéiert gëtt. De Jury selwer besteet aus 24 Auditeuren an Auditricë vu France Inter. Zanter dem Mëttwoch stellt de Jeff Schinker déi zéng Bicher vun der Shortlist vir, dat, éiert de Gewënner um nächste Méindeg bekannt gëtt. Hei stinn déi lescht dräi Romaner um Programm.
De Prix Inter ass e bëssen en Ovni an der Landschaft vun de sëllege Literaturpräisser, déi et am Frankräich gëtt, eleng, well en net am Hierscht, ma am spéide Fréijoer vergi gëtt an domat eben net just Bicher vun der Rentrée littéraire op der Shortlëscht huet. Gegrënnt vu France Inter huet de Präis ee wiesselnde Jury, deen dëst Joer vum Laurent Mauviginier, Gewënner vum Prix Goncourt 2025, presidéiert gëtt. De Jury selwer besteet aus 24 Auditeuren oder Auditrice vu France Inter. An den nächsten dräi Deeg stellt de Jeff Schinker déi zéng Bicher vun der Shortlist vir, dat, éiert de Gewënner um nächste Méindeg bekannt gëtt.
De Prix Inter ass e bëssen en Ovni an der Landschaft vun de sëllege Literaturpräisser, déi et am Frankräich gëtt, eleng, well en net am Hierscht, ma am spéide Fréijoer vergi gëtt an domat eben net just Bicher vun der Rentrée littéraire op der Shortlëscht huet. Gegrënnt vu France Inter huet de Präis ee wiesselnde Jury, deen dëst Joer vum Laurent Mauviginier, Gewënner vum Prix Goncourt 2025, presidéiert gëtt. De Jury selwer besteet aus 24 Auditeuren oder Auditrice vu France Inter. An den nächsten dräi Deeg stellt de Jeff Schinker déi zéng Bicher vun der Shortlist vir, dat, éiert de Gewënner um nächste Méindeg bekannt gëtt.
Am Land vum Winnie-the-Pooh liese Kanner esou wéineg wéi scho laang net méi. D'brittesch Regierung wëllt dat änneren an huet 2026 zum National Year of Reading deklaréiert. Mee wéi kann een d‘Kanner erëm fir Bicher begeeschteren? D‘Claire Barthelemy bericht vu London.
Gëschter sinn déi 15 Nimm bekannt ginn, déi fir de Präis vun der Leipziger Buchmesse, nominéiert sinn. An dräi Kategorien agedeelt: Belletristik, Sachbuch/Essay an Iwwersetzung, sti jeeweils 5 Bicher op der Shortlëscht. D'Valerija Berdi huet Detailer.
Dark Romance ass e Genre, deen Diskussiounen ausléist. Mee wat versteet een eigentlech ënner dub-con? Firwat liesen sou vill Mënschen trotz – oder vläicht grad wéinst – de kontroversen Themen Dark Romance? A wéi hunn dem Joël a Kelly hier däischter Lektüre gefall? Dat héiers du an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer Heterofatalismus! Inhalt vun der Episode: Minutt 0-12: Intro, Definitioun & Tropes Dark Romance Minutt 12-34: Bicher déi mir gelies hunn, hir Sexszeenen & wat mir denken Minutt 34-42: Grënn fir Dark Romance ze liesen Minutt 44-45:30: Ëmgang mat potenziell negativen Auswierkunge vum Dark Romance Trend Minutt 45:30-51:45: Ass Dark Romance eise Genre - an törnt eis dat un? Minutt 51:45-54: Wei geet et mat de Smutty Book Podcast-Episode weider? ab Minutt 54: Rubrik zu Heterofatalismus Bicher, déi mer erwähnen: - “The Serpent and the Nings of Night” (Crowns of Nyaxia #1) vum Carissa Broadbent - “Six Scorched Roses” (Crowns of Nyaxia #1,5) vum Carissa Broadbent - “The Ashes and the Star-Cursed King” (Crowns of Nyaxia #2) vum Carissa Broadbent - “Kiss of Seduction” (Court of Chains #1) vum Rawnie Sabor - “A Little Sin” (Court of Chains #2) vum Rawnie Sabor - "Haunting Adeline" vum H.D. Carlton - "Very Bad Kings" Serie vum Jane S. Wonda - „Lights out“ vum Navessa Allen - “The Princess's Pet” (Soul Match Series #1) vum J.K. Jeffrey Quellen: - Döring, Nicola. (2025). Groschenromane mit Porno-Inhalten? Warum Dark Romance fasziniert und polarisiert. In: Mediendiskurs, 1(2025), S. 64–72, online: https://mediendiskurs.online/beitrag/groschenromane-mit-porno-inhalten-beitrag-1193 - Döring, Nicola. (2025). Dark-Romance-Bücher zwischen Leselust und Moralpanik: Eine Orientierungshilfe für die pädagogische Praxis. In: merz | medien + erziehung, 69(3), online: https://doi.org/10.21240/merz/2025.03.29 - Interview mit Prof. Dr. Nicola Döring. (2025). Dark Romance: Schulen müssen Medien- und Sexualkompetenz fördern: https://www.campus-schulmanagement.de/magazin/dark-romance-schulen-muessen-medien-und-sexualkompetenz-foerdern-nicola-doering - Weis, Diana. (2025). Smut: Zur Popularität von New Adult- und Dark Romance-Literatur. In: POP – Kultur und Kritik, 26, S. 116–122, online: https://doi.org/10.14361/pop-2025-140118. - Artikel iwwer Twilight gender-swap: Brown, Heather. (2018). Fictional power and control and the reality of abusive behaviour. In: Journal of Gender Studies, 27:4, S. 401-410, DOI: 10.1080/09589236.2016.1223611. „Wenn Jugendliche Dark Romance als erste Quelle für Beziehungsgestaltung und Sexualität nutzen und daraus problematische Vorstellungen ableiten, verweist dies auf Defizite in der elterlichen und schulischen sexuellen Bildung.“ — Prof. Dr. Nicola Döring Myth of Consensual Sex Meme: https://knowyourmeme.com/memes/the-myth-of-consensual-sex
Am Roman begleede mer d'Mélodie duerch verschidden Etappe vun hire Liewen. Déi wichtegst ass hei, datt déi 37-järeg Fra schwanger ass an net weess, ob si dëst Kand iwwerhaapt wëll. Eng Decisioun, déi si net einfach huele kann a bei verschiddene Leit, vun Experte bis Leien, no Rot a Hëllef freet. Diskussioune mat hirem Partner, mat Frënn bréngen si net richteg weider, Anerersäits léiere mer och dat berufflecht Ëmfeld vun der Fra kennen. Si lieft u sech an enger Welt, wou keng richteg Plaz fir e Kand ass. Oder dach? De leschte Sonnden hunn d'Valerija Berdi an de Michel Delage an der Literaturemissioun “Déi wonnerbar Valirairie” dräi Bicher aus Lëtzebuerg beschwat. Een dervun ass der Amélie Vrla hire Roman “Enfanter une Étoile qui danse” , eraus komm bei Hydre Editions.
All Joer ginn och zu Lëtzebuerg literaresch Wierker ausgezeechent. Wéi eng dat sinn, ëm wat et an deene Bicher geet a wéi et soss ëm Lëtzebuerger Literatur steet, erzielt d'Valerija Berdi am Gespréich mam Jeff Schinker.
Op de Walfer Bicherdeeg presentéieren d'Lëtzebuerger Verläg hir nei Publikatiounen. Wat gëtt et Neies um Lëtzebuerger Bichermaart? En Iwwerbléck mam Valerija Berdi mat weideren neie Publikatiounen.
D‘Virginia Woolf ass fir hir modernistesch Klassiker “Mrs Dalloway”, “To the Lighthouse” an “Orlando” bekannt, Bicher, déi a méi wéi 50 Sproochen iwwersat goufen an och nach an der moderner Popkultur reegelméisseg ernimmt ginn. An elo ass ganz onerwaart neit Material vun der brittescher Schrëftstellerin opgedaucht. An dat ass zimmlech witzeg. D‘Claire Barthelemy huet fir eis eragelies.
Den nächste Weekend ass déi 30. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg. Eng Bicherfoire, déi scho laang vill méi ze bidden huet wéi Banannekëschte mat Occasiounsbicher. Stänn vun Editiounshaiser aus Lëtzebuerg an der Groussregioun, Liesungen, Workshoppen, Animatioun a Bicher fir déi ganz Kleng ... D'Lynn Klein vun der Gemeng Walfer ass haut d'Invitée beim Valerija Berdi fir iwwer den dësjärege Programm ze schwätzen.
No “Audition” vun der Katie Kitamura a “Flesh” vum David Szalay rezenséiert de Jeff Schinker mat “The Rest of Our Lives” vum Ben Markovits dat drëtt vun de sechs Bicher, déi et op d'Booker-Prize-Shortlëscht gepackt huet. Dem Markovits säi Roman ass een ironesch-melancholesche Roadtrip, an deem ee Familljepapp op säi Liewen zeréckbléckt, dat mat der Gewëssheet, datt et esou vill Zukunft vläicht net méi wäert ginn.
Wann et ëm d'Wäertschätzung vum Buch geet, sollt sech Lëtzebuerg e Beispill un Dänemark huelen, seet d'Schrëftstellerin Elise Schmit.
Wann et ëm d'Wäertschätzung vum Buch geet, sollt sech Lëtzebuerg e Beispill un Dänemark huelen, seet d'Schrëftstellerin Elise Schmit.
De Prix Goncourt ass dee wichtegste Literaturpräis a Frankräich, haut huet d'Académie Goncourt déi 15 Bicher annoncéiert, déi dëst Joer an d'Course ginn. De Gewënner wäert de 4. November feststoen. Wien ass nominéiert a ginn et Iwwerraschungen? Dozou eise Korrespondent vu Paräis, de Max Tholl
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Ella, dat eis Who's Afraid of Gender vum Judith Butler virstellt. Et geet em sougenannten anti-gender Beweegungen, déi aktuell iwwerall op der Welt wuessen. Si attackéieren d'Rechter d'Fräiheeten, an d'Liewensweise vu Fraen, queeren an trans Mënschen an d*e Judith Butler erkläert eis wéi mir eis géint se wiere kënnen. Infos zum Buch Judith Butler - Who's Afraid of Gender, publizéiert vum Allen Lane (Penguin) Verlag
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Elie, deen eis dem Ocean Vuong sain Roman On Earth We're Briefly Gorgeous virstellt. Et geet ëm dem Schrëftsteller seng eege Geschicht, an deelweis d'Familljegeschicht als Aart vu fiktiver Autobiografie. Et geet em Krichststrauma, Familljendrama, Identitéit, Schicksal, a Kultur. Infos zum Buch on-earth-were-briefly-gorgeous-by-ocean-vuong -publizéiert bei Penguin House
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Robin, deen eis dem Renske Diks hir Etüd Queens of Beirut virstellt. Et geet ëm d'Liewen an d'Existenzen vun Drag Queens an der lebanesescher Stad Beirut a wéi si mat den Traumata vu Kricher, Krisen a Queerphobie ëmginn. Infos zum Buch Renske Diks – Queens of Beirut, publizéiert bei Ezo Wolf
De Schrëftsteller Antoine Volodine huet eng ganz eege Welt geschaf, an där hien ënner verschidden Nimm Bicher verëffentlecht: Hien ass och nach de Lutz Bassmann, den Eli Kronauer, de Kollektiv Infernus Iohannes an d'Manuela Draeger. Ënner dem Numm Manuela Draeger verëffentlecht hien elo säin 48. Buch - wat ëmsou méi spannend ass, well mat 49 Bicher säi Wierk definitiv ofgeschloss wäert sinn. Wat genee ee sech ënner dem Volodine senger Welt vum Postexotismus virstelle kann a wéi eng Plaz der Manuela Draeger hire Roman "Arrêt sur enfance" doran huet, verréit eis de Jeff Schinker a senger Rezensioun.
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Joël, deen eis dem Gretchen Felker-Martin hire Roman Manhunt virstellt. Et geet ëm d'Iwwerliewen no der Gender-Apokalyps, wou all Mënschen mat engem gewëssen Testosteronspiggel zu Zombies goufen. Infos zum Buch Gretchen Felker-Martin – Manhunt, publizéiert bei Tor Nightfire
Hie spillt Banjo, hie schreift Bicher, an e mécht Komedie. Elo seet hien: Et kéint duergoen. De Steve Martin zielt ouni Zweiwel zu de grousse Kultfigur'en an den USA. Mat sengem Alter vu bal 80 Joer gëtt et ëmmer méi roueg ëm hien… oder vläicht och net? De Pit Biwer geheit e Bléck op seng lescht Serie, seng lëschteg Aart a säi Wëllen säi Wëssen un déi Jonk weiderzeginn.
Hie spillt Banjo, hie schreift Bicher, an e mécht Komedie. Elo seet hien: Et kéint duergoen. De Steve Martin zielt ouni Zweiwel zu de grousse Kultfigur'en an den USA. Mat sengem Alter vu bal 80 Joer gëtt et ëmmer méi roueg ëm hien… oder vläicht och net? De Pit Biwer geheit e Bléck op seng lescht Serie, seng lëschteg Aart a säi Wëllen säi Wëssen un déi Jonk weiderzeginn.
Bicher wëlle gelies ginn. Dofir brauch een net just Autorinnen an Auteuren, déi dës schreiwen, Editiounshaiser, déi se publizéieren a Librairien, déi se verkafen. Bicher, déi voller Feeler sinn, wou sech Ongereimtheeten era schleisen, an et u Kohärenz feelt, fannen net vill Uklang. Dofir gëtt et e Lektorat, deen awer no baussen net vill Beuechtung kritt. Elo hu sech Lektorinnen a Lektore vu Lëtzebuerg zesummegedoen an e Verband gegrënnt. A fir iwwer hir Aarbecht, hir Revendicatiounen an Erfarungen ze schwätzen, begréisst d'Valerija Berdi d‘Maike Edelhoff an den Henning Marmulla.
Hie war e reegelméissege Lieserbréifschreiwer am Luxemburger Wort, eng éischter konservativ an traditionell Vue op d'Welt zu Lëtzebuerg huet hie vermëttelt, hie war Franséisch- a Geschichtsprofesser, President vun der APESS, der Association des Professeurs de l'Enseignement Secondaire et Supérieur an huet 21 Bicher publizéiert. Lyrik a Prosa, fir d'Lescht koum säi Gedichtband “braises hivernales” d'lescht Joer bei Editions Phi eraus. Rieds ass vum Raymond Schaack, deen eis am Alter vun 88 verlooss huet. Seng Bicher a seng Stëmm sinn eis erhale bliwwen an déi ass ze héieren an Extraiten aus engem Gespréich mam Nathalie Bender. Wat d'Schreiwen, awer och den Enseignement, dem Raymond Schaack bedeit hunn, kënnt Dir an dësem Bäitrag vum Valerija Berdi lauschteren.
Hie war e reegelméissege Lieserbréifschreiwer am Luxemburger Wort, eng éischter konservativ an traditionell Vue op d'Welt zu Lëtzebuerg huet hie vermëttelt, hie war Franséisch- a Geschichtsprofesser, President vun der APESS, der Association des Professeurs de l'Enseignement Secondaire et Supérieur an huet 21 Bicher publizéiert. Lyrik a Prosa, fir d'Lescht koum säi Gedichtband “braises hivernales” d'lescht Joer bei Editions Phi eraus. Rieds ass vum Raymond Schaack, deen eis am Alter vun 88 verlooss huet. Seng Bicher a seng Stëmm sinn eis erhale bliwwen an déi ass ze héieren an Extraiten aus engem Gespréich mam Nathalie Bender. Wat d'Schreiwen, awer och den Enseignement, dem Raymond Schaack bedeit hunn, kënnt Dir an dësem Bäitrag vum Valerija Berdi lauschteren.
Kierzlech gouf d'Shortlëscht vum Prix Servais bekannt. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d'Valerija Berdi an de Michel Delage déi Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun dësen Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Hei ass et dann um Guy Rewenig a sengem Roman “Goss“, dee bei Editions Guy Binsfled publizéiert gouf.
Lescht Woch gouf d'Shortlëscht vum Prix Servais bekannt. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d'Valerija Berdi an de Michel Delage déi Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun dësen Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Dës Kéier ass et um Buch vun der Anne-Marie Reuter. No Gedichter a Short-stories huet déi Lëtzebuerger Editrice a Schrëftstellerin Anne-Marie Reuter hiren éischte Roman publizéiert. “M for Amnesia“ ass den Titel vum Buch, dat bei Black Fountain Press erauskoum an et op d‘Shortlëscht fir de Servais-Präis gepackt huet ... Mir lauschteren, wat d‘Valerija Berdi an de Michel Delage zu dësem dystopesche Wierk ze soen hunn.
An och haut geet et weider mat der Presentatioun vun de Bicher, déi op der Shortlëscht fir de servais-präis 2025 zréck behale gi sinn. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d'Valerija Berdi an de Michel Delage déi Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun dësen Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Haut ass et dann um Buch vun der Carla Lucarelli mam Titel „Salztage + zurück“, dëst Gedichtband ass bei Editions Phi erauskomm.
Lescht Woch gouf d'Shortlëscht vum Prix Servais bekannt. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d'Valerija Berdi an de Michel Delage déi fënnef Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun den nächsten Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Mir fänken u mat der Margret Steckel hirem “Doswidanja Genosse”. D'Schrëftstellerin hat lescht Joer fir hir Novelle “Mutterrache” de Lëtzebuerger Buchpräis kritt - a feiert dëse Mount, de 26. Abrëll hiren 91. Gebuertsdag. De Servais hat si 1997 schonn eemol kritt fir “Der Letzte vom Bayrischen Platz”.
Eng Serie an der et ëm en Ex-Militärpolizist geet, deen an e Mordfall eragezu gëtt an eng korrupt Stad géint sech huet. Eng Serie déi op der Buchréi vum Lee Child baséiert, dee mëttlerweil schonn 29 Bicher iwwert de Jack Reacher geschriwwen huet.
Mir liesen eis um 100,7 duerch d'Lëscht vun de Bicher, déi fir de Booker Prize nominéiert goufen. Dës Kéier stelle mir eent vir, dat et net op d'Shortlëscht gepackt hat, mee wat trotzdeem immens liesenswäert ass. Et geet ëm “Wandering Stars” vum Tommy Orange - ee Buch, dat enger indigener Famill an Amerika iwwer e puer Generatioune begleet. D'Claire Barthelemy huet d'Buch gelies.
de Krimiauteur mat Bicher ronderëm de Stärekach Xavier Kieffer iwwer e Stage bei der europäescher Kommissioun a firwat hien sech d'Hoer gréng gefierft hat
D'Diane Orban an d'Myriam Karels hu rezent mat "Et rabbelt an der Broutgaass"(Editions Guy Binsfeld) schonn hiren zweete Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kannerbuch gewonnen. Déi zwou Autorinne waren an der Wonnerbarer VaLibrairie op de Walfer Bicherdeeg invitéiert.
D'Rentrée littéraire vum September an Oktober ass eriwwer, am November goufen elo eng sëllege Präisser decernéiert. De Prix Goncourt, de Médicis an de Renaudot hu mir schonn op de Leescht geholl. Vun dëser Woch u verréit Iech de Jeff Schinker all Donneschdeg, ob sech d'Liese vun engem vun den anere gekréinte Bicher lount. Den Ufank mécht den Abdellah Taïa, dee fir "Le Bastion des larmes", en deels staarke Roman iwwer Homophobie a sengem Heemechtsland, de Prix Décembre krut.
De Méindeg (4.11.) goufen de prestigiéise Prix Goncourt an deen e bësse manner prestigiéise Prix Renaudot verginn - an et koum zu kenge groussen Iwwerraschungen. De Favorit Kamel Daoud krut de Goncourt fir säi pechschwaarze Roman "Houris" an de Gaël Faye, zweete Favorit, gouf mam Renaudot fir säi stilistesch méi liichten, thematesch awer änlech donkele Roman "Jacaranda" ausgezeechent. De Jeff Schinker huet déi zwee Bicher gelies - a verréit eis, ob d'Jurye sech richteg entscheet hunn.
Mir liesen eis hei um 100,7 duerch d'Lëscht vun de Bicher di fir de Booker Prize nominéiert sinn. An des Kéier stelle mir eent vir, dat et op d'Shortlëscht gepackt huet. "Orbital" vun der brittescher Schrëftstellerin Smantha Harvey beschreift een Dag am Liewe vu 6 Astronauten op der International Space Station. Dëst ass awer keng klassesche Science Fiction, mei éischter eng Aart Space Meditatioun. D'Claire Barthelemy huet d'Buch gelies.
An enger Serie stellt d'Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d'Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett an "Headshot" vun der Rita Bullwinel goufe scho beschwat, genee esou wéi "Stone Yard Devotional" vun der Charlotte Wood an "The Safekeep" vun der Yael van der Wouden - déi zwee lescht hunn et op eng Shortlist gepackt, op där fënnef Fraen a just ee Mann stinn. Haut beschwätze mer zwee weider Bicher vun der Shortlitst: mat knapp iwwert 400 Säiten ass "Creation Lake" vun der Rachel Kushner dee längsten, mat eppes iwwert 100 Säiten ass der Samantha Harvey hiren "Orbital" dee kierzste Roman vun der Shortlist. Mir fänke mam villschichtegen, donkel-witzegen Thriller-Pastiche "Creation Lake" vun der Rachel Kushner un - dat dem Jeff Schinker immens gutt gefall huet.
Am Hierscht ass net just Rentrée scolaire, mee och Rentrée littéraire a Frankräich - dëst Joer sinn et zwar manner Bicher wéi dat Joer virdrun, mat 459 fält et wuel awer net just de Lieser:inne schwéier, eng Wiel ze treffen, mee och de Schrëftsteller:innen, erauszestiechen. Iwwer déi nächst puer Méint stellt d'Kulturredaktioun Iech hir Wiel vir. Nom excellenten "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri rezenséiert de Jeff Schinker dem Yves Ravey säi wéi gewinnt minimalisteschen a verstéirende Roman "Que du vent".
Am September ass net just Rentrée scolaire, mee och Rentrée littéraire a Frankräich - dëst Joer sinn et zwar manner Bicher wéi dat Joer virdrun, mat 459 fält et wuel awer net just de Lieser:inne schwéier eng Wiel ze treffen, mee och de Schrëftsteller:inne fir erauszestiechen. Iwwer déi nächst puer Méint stellt d'Kulturredaktioun Iech hir Wiel vir. Den Ufank mécht "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri - e Roman, deen d'lescht Woch an der éischter Selektioun vum Prix Goncourt zeréckbehale gouf. Eng gutt Entscheedung, fënnt de Jeff Schinker.
Am September ass net just Rentrée scolaire, mee och Rentrée littéraire a Frankräich - dëst Joer sinn et zwar manner Bicher wéi dat Joer virdrun, mat 459 fält et wuel awer net just de Lieser:inne schwéier, eng Wiel ze treffen, mee och de Schrëftsteller:innen, erauszestiechen. Iwwer déi nächst puer Méint stellt d'Kulturredaktioun Iech hir Wiel vir. Den Ufank mécht "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri - e Roman, deen d'lescht Woch an der éischter Selektioun vum Prix Goncourt zeréckbehale gouf. Eng gutt Entscheedung, fënnt de Jeff Schinker.
De leschte Sonndeg koum eis Literatursendung „Déi wonnerbar Valibaririe“ live vun Hunchereng. Am Kader vum Beetebuerger Literaturfestival „LiteraTour“ hu mir mat Leit aus der Welt vun der Lëtzebuerger Literatur geschwat. Eng vun eisen Invitéeë war d‘Martine Schoellen. Si huet schonn eng Abberzuel u Kannerbicher aus dem Engleschen iwwersat, déi Bicher si bei Editions Guy Binsfeld erauskomm. D‘Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich mat der Martine Schoellen.
Samuel Hamen, Chris Lauer, Isabelle Marinov, Jemp Schuster a Margret Steckel heeschen d‘Kandidaten an d'Kandidatinne fir de Servais-Präis 2024. Dës Shortlëscht, déi d‘Fondatioun Servais gëschter publizéiert huet, hate mir Iech scho presentéiert. D‘Valerija Berdi huet mam President vum Jury vum Servais-Präis, dem Sebastian Thiltges geschwat, fir méi Detailer iwwer d‘Prozedur vun dësem Literaturpräis gewuer ze ginn. Enn Abrëll gi mir gewuer, wéi e Buch dëst Joer mam Servais-Präis ausgezeechent gëtt. E Präis, bei deem d‘Autorin oder den Auteur mat 7.500 Euro belount gëtt. Am Virfeld ginn awer nach den 23. Abrëll am Nationale Literaturarchiv déi fënnef selektionéiert Bicher virgestallt: - Dem Samuel Hamen säi Roman “Wie die Fliegen“, deen am Zürecher Diaphanes-Verlag erauskoum - Der Chris Lauer hir Gedichter “Gut verräumte Sternschnuppe“ aus dem éisträichesche Limbus Verlag - D'Novell “Boy Underground” vun der Isabelle Marinov - Leicester, Sweet Cherry Publishing - De Jemp Schuster mat sengem Roman “Béischten“, zu Lëtzebuerg bei Kremart Edition erauskoum - An der Margret Steckel hir Novell “Mutterrache“, publizéiert bei capybarabooks
An dëser Episod gëtt et ganz akward. Oder op mannst schwätze mir iwwert een Thema, dat vir vill Leit bëssi peinlech oder komesch si kann: Déi eegen Elteren a Sexualitéit. D*en Robin an de Joël schwätzen iwwer Opklärung a wéi déi u schlechte Bicher scheitere kann, iwwer Schimmt an d’Eltere beim Sex héieren. Ausserdeem erzielen … Continue reading "#129 Deng Mamm fënnt de Legolas flott – Elteren a Sexualitéit"
All Joer organiséiert d'Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren den nationale Buchpräis. D'Editeuren stellen eng Rei vun de Bicher, déi am Laf vum Joer publizéiert goufen, dem Jury vum Buchpräis zur Verfügung, deen dann eng Shortlëscht an dräi Kategorien zesummestellen. Dëst Joer sinn folgend Bicher Favoritte fir de Buchpräis: Kategorie Literatur: 1. Claudine Muno . Dëst ass net däi Liewen – Op der Lay 2. Antoine Pohu – Parfois la nuit se tait – Capybarabooks 3. Luc François – Wasserstand – Kremart 4. Kerstin Medinger – le départ –Éditions Phi 5. Guy Rewenig – Schnatt – Éditions Guy Binsfeld Kategorie Kannerbuch/Jugendbuch 1. Charlotte Reuter & Lynn Cosyn – D'Rommel Bommel an hir Frënn – Ernster Éditions 2. Sandra Martins – D'Sasha an de Flint – Eng magesch Melodie – Editions Schortgen 3. Renée Weber – Dem Louis seng Nues – Op der Lay 4. Marc Weydert & Marie-Isabelle Callier – Zerknujelt Geschichten – PersPektiv Editions 5. Anja Di Bartolomeo – Koma 21- Éditions Guy Binsfeld Kategorie Sachbuch 1. Germaine Goetzinger – Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 874-1947 - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur - Éditions Guy Binsfeld 2. Samuel Hamen & Melitta Schubert – Österreich und Luxemburg im Dialog - Éditions Guy Binsfeld 3. Josiane Kartheiser – Ärztin ohne Furcht und Tabus _ Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer und ihr Lebenswerk – Éditions Phi 4. Collectif – Traces, Kufa's Urban Art Esch –Point nemo Publishing 5. Michel Pauly – Die Geschichte der Stadt Luxemburg in 99 Objekten - Capybarabooks D'Laureatinnen an d'Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis ginn am Kader vun de Walfer Bicherdeeg, de 16. November bekannt ginn.
D'Theemen haut: Ettelbrécker Synagog, Walfer Vollekslaf, Réckbléck op d'Walcampagne an eng Ausstellung iwwer Gäert a Bicher.
D'Theemen haut: Ettelbrécker Synagog, Walfer Vollekslaf, Réckbléck op d'Walcampagne an eng Ausstellung iwwer Gäert a Bicher.
Bis 2017 féiert d'Lori Vallow ee schéint Familienliewe mat sengem Mann an hire Kanner. Bis hatt op religiéis Bicher vum Chad stéisst, an dann an ee Fanatismus fält dee fir seng Famill déidlech op en Enn geet.
2022 gouf net nëmme ganz vill gutt Musek geschriwwen, mee och vill gutt Bicher iwwer Musek. Vläicht hutt Dir jo iwwer d'Feierdeeg Loscht an Zäit, fir sech mam Rescht vun de Chrëschtdagskichelcher an engem Buch fir e rouege Moment zeréckzezéien. A wann Dir nach eng Iddi braucht, wat sech do als Lektür ubidde géif, dann huet d'Claudine Muno hei e musikalesche Literatur-Tipp parat.
Theme vun haut: 96 CGDIS-Asazzentren, Erfollegräichst Filmer a Bicher, Réckbléck Enseignement, Ukrain-Krich, Virschau Léiwinnen - Deel 2 an international Noriic
Theme vun haut: 96 CGDIS-Asazzentren, Erfollegräichst Filmer a Bicher, Réckbléck Enseignement, Ukrain-Krich, Virschau Léiwinnen - Deel 2 an international Noriic