Podcasts about virtrag

  • 6PODCASTS
  • 24EPISODES
  • 55mAVG DURATION
  • ?INFREQUENT EPISODES
  • Feb 3, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about virtrag

Latest podcast episodes about virtrag

Kultur
Antoine Goetschel - En Affekot fir Déieren

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 3, 2025 10:32


Zanter méi wéi 30 Joer ass de Schwäizer Affekot Antoine Goetschel am Déiererecht aktiv. Als weltwäit éischten “Tieranwalt” huet hien a senger Karriär iwwer 700 Déiere viru Geriicht vertrueden, dorënner souguer ee Chamäleon, ee Pony an eng Boa. Mee wéi gesäit et an Europa a Saachen Déiereschutzrecht aus, an a wéi eng Richtung entwéckelt sech d'Relatioun tëschent Gesellschaft an Déier weider? Den Déierenaffekot huet an der Nationalbibliothéik ee Virtrag iwwer méiglech Weeër gehalen, an de Joé Birchen huet mat him iwwer dës geschwat.

Konferenzen
"dat huet jo näischt mat mir ze dinn" ...

Konferenzen

Play Episode Listen Later Jun 23, 2023


© Chantal Maquet Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung ... An hirer neier Graphik-Novell ënnersicht d'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet d'Verbindung vu Lëtzebuerg zum Kolonialismus an de strukturelle Rassismus, fir dëse Phenomeen a Fro ze stellen an ze bekämpfen. An de verschiddene Kapitele vun dësem Grafikroman benotzt d'Chantal Maquet hir Familljegeschicht fir Froen iwwer d'Lëtzebuerger kolonial Vergaangenheet, de Postkolonialismus a Rassismus am Allgemengen ze beäntweren. Fir Äntwerten op hir Froen ze fannen, hat Si Experte befrot: Régis Moes, Historiker a Curator am Musée national d'histoire et d'art Luxembourg (MNHA). Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg. Myriam Abaied an Antónia Ganeto vum IKL Intercultural Education Center. "Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung - Dat huet jo näischt mat mir ze dinn", e Virtrag opgeholl de 4. Juni 2023 am CUBE 521 zu Maarnech. Enregistrement a Montage: Carlo Link Panorama "Wou stees du? aus der Ausstellung: "dat huet jo näischt mat mir ze dinn" vum Chantal Maquet an der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng, 2021. © Mike Zenari Perséinlech Fro: Sinn ech rassistesch? D'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet, Gewënnerin vum Prix Pierre Werner 2022, lieft a schafft zu Hamburg, si ass de Moment fir e Projet an der Kënschtlerresidenz, den Ermitage zu Klierf. D'Graphik-Novell vum Chantal Maquet, ass ze kréien an all gutt Bichergeschäft

RTL - Commentaire
Claudia Kollwelter: Action please!, 05/05/2022 12:50

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later May 5, 2022


5 nei Offallgesetzer, e Virtrag vum Betrand Picard iwwer 1.000 Léisunge fir d'Ëmwelt op rentabel Manéier ze schützen oder och nach e neit Label-Gesetz fir Liewensmëttel ...

Konferenzen
Jean-Pierre Pescatore (1793-1855) ...

Konferenzen

Play Episode Listen Later Dec 26, 2021 55:02


Ee vun de bekanntste Lëtzebuerger bis haut, de Jean-Pierre Pescatore, hat a villerlee Hisiicht en aussergewéinlecht Liewen. Als Geschäftsmann, Banquier, Sammler a Mäzen ass hien zwar en typesche Vertrieder vun der héijer Bourgeoisie, wéinst sengem nonkonformistesche Privatliewe geréit hien awer a Konflikt mat de sozialen a moraleschen Norme vu senger Zäit.  Ob a wéi dem Jean-Pierre Pescatore säi Beruffs-, Privat- a Familljeliewen de Krittäre vun de gesellschaftlechen Elitten am 19. Joerhonnert entsprécht oder dogéint verstéisst, soll an dëser Konferenz thematiséiert ginn. De Jean-Pierre Pescatore (1793-1855) - en (on)typesche Representant vun der Bourgeoisie. Eng Konferenz vun der Historikerin a Germanistin, Josiane Weber de 15. November am Cercle Cité, am Kader vun enger neier Offer ronderëm déi permanent Ausstellung an der Villa Vauban. Enregistrement a Montage: Carlo Link Josiane Weber © CL Fotoen, déi am Virtrag gewise goufen. Lauschtert dat leschte Kapitel: Jean-Pierre Pescatore - Josiane Weber

Konferenzen
Kriegsfotografie - Die Grenzen des Abbildbaren

Konferenzen

Play Episode Listen Later Nov 27, 2021


D'Ursula Meissner reest zënter méi wéi 30 Joer a Krichs- a Krisegebidder. Vun Afghanistan, Bosnien a Kosovo bis Angola a Sierra Leone - et ginn nëmmen e puer Länner, déi si net besicht huet fir ze beriichten. Dat authentescht Bild war ëmmer hiert Zil. De Virtrag thematiséiert hir Aarbecht an d'Limite vun deem, wat duergestallt ka ginn: "Dat schwieregst ass, dohinner ze kommen, wou d'Geschicht gemaach gëtt". Wéi entstinn dës Biller, déi d'Welt beweegen? "Kriegsfotografie - Die Grenzen des Abbildbaren", e Resumé vun der Konferenz, am Kader vun der World Press Photo, den 27. Oktober an der Abtei Neimënster. Enregistrement: Abtei Neimënster Montage, Mastering a Resumé: Carlo Link  Moderatioun: Ines Kurschat, fréier Präsidentin a Generalsekretärin vum Presserot Fotografien déi am Virtrag gewise goufen (© Ursula Meissner):  https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/37/mit-kamera-und-kugelsicherer-weste-c-ursula-meissner_9b23c3.pdf  Ganze Virtrag lauschteren Geo-Reportage, Syrische Braut, Hochzeit im Niemandsland © Ursula Meissner

Konferenzen
Sexuell Revolutioun an dann?

Konferenzen

Play Episode Listen Later Apr 4, 2021 56:14


Lëtzebuerg ass keng "kulturell" Insel, mee wat fir een Impakt haten d'Antibabypëll an d'Fraebeweegung op Virstellunge vu Weiblechkeet a Männlechkeet zu Lëtzebuerg? Wéi kann een dat iwwerhaapt moossen oder ënnersichen? An dësem Virtrag diskutéiere mir, wéi a firwat d'Verhältnesser tëschent de Geschlechter sech an de leschte Joerzéngte verännert hunn. Doru gekoppelt ass d'Fro nom Afloss vu biologesche Virstellungen op sozial Realitéiten. Geschlechterverhältnesser zu Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren: e Virtrag de 25. Januar am Kader vum Konferenzzyklus am CAPE zu Ettelbréck: "Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun den 1950er Jore bis haut", mat der Historikerin Dr. Sonja Kmec, Associate professor Uni Lëtzebuerg.  Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft an der Fuerschungsunitéit IPSE vun der Uni Lëtzebuerg. Den Ofschlossvirtrag vun der Dr. Jeanne Glesener, mat engem Resumé vun den eenzele Beiträg, brénge mir muer op Ouschterméindeg tëschent 17:00 an 18:00 Auer. Enregistrement a Montage: Carlo Link Informatiounsmaterial zum Virtrag Sonja Kmec © Carlo Link

Konferenzen
Koexistenz Mënsch-Wollef - Realismus oder Utopie?

Konferenzen

Play Episode Listen Later Jan 31, 2021


Ass d'Zesummeliewen tëscht Mënschen a Wëllef, am dicht besidelen Europa, méiglech?  Den Dr. Laurent Schley schwätzt a sengem Virtrag, am Trifolion, iwwer déi phänomenal Verbreedung vum Wollef an Europa an de leschten 30 Joer a beliicht déi ganz interessant Biologie an Ökologie vun dëser bekannter Déierenaart. De Retour vum Wollef an den Ardennen an domat och zu Lëtzebuerg gëtt am Detail diskutéiert. Souwuel d'Konflikter mat eis Mënsche ginn diskutéiert, wéi och positiv Aspekter vun dëser Spezies fir eis Natur. D'Gesamtanalyse soll d'Fro beäntweren, ob Zesummeliewen tëscht Mënschen a Wëllef am dicht besidelen Europa méiglech ass, wa jo, ënner wéi enge Konditiounen. Aner Intervenanten sinn: Günther Czerkus, Spriecher a President vun dem "Bundesverbandes Berufsschäfer e.V., Vereinsregister Wittlich" a Winfried von Loë, Lëtzebuerger Privatbësch. Den Dr. Laurent Schley ass Biolog an Sous-Direkter vun der Lëtzebuerger Naturverwaltung. Hien ass och Fuerscher am Nationalmusée fir Naturgeschicht a Sekretär vun der European Mammal Foundation. 2017 huet hien zesumme mat 17 aneren Auteuren den Handlungs- a Managementsplang fir mam Wollef zu Lëtzebuerg publizéiert. Am selwechte Joer gouf hien als Member vun der "Large Carnivore Initiative for Europe" ernannt, eng Expertegrupp am Kader vun der "Species Survival Commission (SSC) vun der International Union for Conservation of Nature (IUCN)", der Aarteschutzkommissioun vun der Weltnaturschutzunioun.  ​Enregistrement vum 25. Januar 2021: Technik-Trifolion. Resumé-Montage: Carlo Link. Moderatioun: Nathalie Reuter, Journalistin. Integral Konferenz: Koexistenz Mënsch-Wollef 1. DEEL Integral Diskussioun: Koexistenz Mënsch-Wollef 2. DEEL Dr. Laurent Schley, Nathalie Reuter (Moderatioun), Günther Czerkus, Winfried von Loë, © Trifolion Resumé:      

Konferenzen
Corona, Pescht a Cholera - eng Geschicht vu Pandemien

Konferenzen

Play Episode Listen Later Jan 1, 2021 126:29


De Roger Seimetz, den 24. November an der Schungfabrik zu Téiteng Masse-Krankheeten an Epidemië sinn et an de leschte Joerhonnerten ëmmer scho ginn, zu Lëtzebuerg grad esou gutt wéi anzwousch anescht ... an d'Mënschen hunn iwwerlieft, net all, mee déi meescht. Eleng doduerch, well si a Quarantàn gesat oder konfinéiert gi sinn. An net eréischt bei SARS-CoV-2, mee schonn zanter et Epidemië gëtt. De Kampf géint Epidemië veronsécheren de Mënsch a maachen him Angscht, zemol wann ënner Ëmstänn Mesurë virgeschloe ginn, déi méi kontradiktoresch net kënnen an net konnte sinn. Mee, aus der Vergaangenheet kënne mer léieren, Krise wéi déi vum Corona ze léisen an Ausweeër ze fannen; mer kënnen erkennen, wou Feeler louchen an ... wou mer Chancë verdoen hunn. An der Geschicht vun Epidemie a Pandemie verzielt den Historiker Roger Seimetz vun dësen net nëmme wéi, wou a wéini se opkoumen a wéi se verlaf sinn, mee och wéini wien eventuell e Mëttel dogéint entwéckelt huet. Zu Lëtzebuerg hate mer och déi grouss Epidemien, déi lescht virun honnert Joer. Leider ass keng vun en definitiv aus der Welt!! - Och d'Pescht net, déi souvill Misär verbreet a Mënscheliewe kascht hat.  Datt mer haut awer all viral a bakteriell Plo an de Grëff kéinte kréien (jo all!), steet fest. Och eis Corona-Pandemie. Mer musse just wëllen. Gewosst wéi. Montage: Carlo Link Video vum virtuelle Virtrag, den 24. November an der Schugfabrik, Téiteng  

Konferenzen
Les Dimanches du Chant Grégorien (en paroles) 2020

Konferenzen

Play Episode Listen Later Dec 26, 2020 54:55


Benediktiner Abtei vu Clierf "Saint-Maurice-et-Saint-Maur" © Adrien Wouters (De Cliärrwer Kanton - DCK) "Le sens musical de la joie religieuse", esou war déi zweet Konferenz am Kader vun "Les Dimanches du Chant Grégorien - en paroles", iwwerschriwwen.  Zanter der chrëschtlecher Ära war de Sonndeg ëmmer e Fest. Déi reliéis Freed, déi sech do besonnesch duerch d'Lidd manifestéiert, gëtt a sengem musikalesche Sënn unerkannt. Den Abt von der Benediktiner Abtei vu Clierf, Dom Michel Jorrot hat a sengem Virtrag vum 18. Oktober, den Akzent op déi reliéis Freed am Gregorianesche Gesank gesat. Enregistrement a Montage: Carlo Link (an Zesummenaarbecht mam CUBE 521). Dom Michel Jorrot, Abt von der Benediktiner Abtei vu Clierf, den 18. Oktober am CUBE 521 © Carlo Link "Qui sedes domine super cherubim excita potentiam tuam et veni" (Seigneur, vous qui trônez au-dessus des Chérubins, éveillez votre puissance, et venez) © Dom Michel Jorrot / DCK / Carlo Link De ganzen Text vum Virtrag, kann een an der Zäitschrëft vum "De Cliärrwer Kanton" Nr.3/2020, noliesen.

Konferenzen
Les Dimanches du Chant Grégorien (en paroles) 2020

Konferenzen

Play Episode Listen Later Dec 25, 2020 55:26


Benediktiner Abtei vu Clierf "Saint-Maurice-et-Saint-Maur" © Carlo Link "Les Dimanches du Chant Grégorien" si wéi all Joer am Oktober e feste kulturelle Bestanddeel am Norde vum Land. Organiséiert gi se vun der Benediktiner Abtei vu Clierf an dem CUBE 521 vu Maarnech. Wéinst der sanitärer Situatioun gouf dëst Joer den Akzent op d'Wuert geluecht mat zwou Konferenzen.  Explicatiounen: Odile Simon, artistesch Direktesch am CUBE 521 "Les Dimanches du Chant Grégorien (en paroles) 2020" "Le chant grégorien - Des origines à nos jours", esou war deen éischte Virtrag vum 11. Oktober vun der Olga Roudakova, chef de chœur vum ensemble vocal "LUX CANTUS", iwwerschriwwen. Un Hand vun Tounbeispiller, déi si selwer virgedroen hat, huet de Publikum awer net ganz op de Gregorianesche Gesank verzichte missen.  Enregistrement a Montage: Carlo Link (an Zesummenaarbecht mam CUBE 521). Muer den 26. Dezember, op Stiefesdag um 17:03 Auer, brénge mir déi zweet Konferenz vum 18. Oktober, "Le sens musical de la joie religieuse" vum Dom Michel Jorrot, Abt von der Benediktiner Abtei vu Clierf. Hien huet den Akzent op datreliéis Freed am Gregorianesche Gesank gesat. Olga Roudakova, chef de chœur vum ensemble vocal "LUX CANTUS" https://www.luxcantus.org, fréier Dirigentin vu "Le Chœur grégorien de Paris - Voix de femmes" © Carlo Link D'Suite vum Virtrag mat ënnert anerem d'21. Joerhonnert: d'Suite lauschteren

Konferenzen
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (7)

Konferenzen

Play Episode Listen Later Jun 7, 2020 55:15


Fabienne Gilbertz © Carlo Link Am Discours iwwert d'Lëtzebuerger Literatur ginn d'1980er Joren dacks als Zäsur beschriwwen. An där Zäit verännert sech de Literaturbetrib tatsächlech bannent wéinege Jore grondleeënd: Mat den Editions Guy Binsfeld, den Editions Phi an den Editions Op der Lay ginn déi éischt literaresch Verlager gegrënnt, Auteure wéi de Guy Rewenig an de Roger Manderscheid entwéckelen de Genre vum Neie Lëtzebuerger Roman a liwweren domat wichteg Impulser fir d'Entwécklung vum Lëtzebuergeschen als Literatursprooch, a mam Lëtzebuerger Schrëftstellerverband entsteet eng Auteursgewerkschaft, déi sech fir d'Unerkennung vum literaresche Schreiwen als Beruff a fir d'Rechter vum Lëtzebuerger Auteur asetzt. An dësem Virtrag gëtt no den Urspréng vun dëse literareschen an institutionelle Verännerunge gefrot. Et gëtt ënnersicht, wéi sech de Literaturbetrib nom 2. Weltkrich an am Zesummenhang mat de gesellschaftlechen Evolutioune vun där Zäit entwéckelt (68er- a Fraebeweegung, Bedeitungsverloscht vun der Kathoulescher Kierch, sozialpolitesch Reformen etc.). Dofir gi verschidden Elementer vum Literaturbetrib méi genau analyséiert: Literaresch Zäitschrëften a Publikatiounsserien, d'Grënnung vun onofhängegen Theaterensembelen, Veranstaltunge wéi d'Munnerefer Dichterdeeg an d'Konsdrefer Scheieren, Gruppéierunge wéi Impuls an de lochness-Verlag a gewerkschaftlech Strukturen wéi d'Lëtzebuerger Konschtgewerkschaft. Et kann dobäi gewise ginn, dass d'Entwécklung vum Literaturbetrib op dräi zesummenhänkend Niveauen ofleeft: Éischtens kann an de literareschen Texter eng Beweegung fort vun der sougenannter Heimatliteratur hin zu enger engagéierter an experimenteller Literatur observéiert ginn, zweetens kënnt et, strukturell gesinn, zu der Grënnung vun alternativen, politesch onofhängeg a kënschtleresch oppenen Institutiounen, a schliisslech verännert sech och d'Selbstbild an d'Selbstbewosstsi vun de Lëtzebuerger Auteuren. Ee Virtrag vum Fabienne Gilbertz (Institut National des Langues - INL), opgeholl den 9. Mäerz am CAPE zu Ettelbréck a verschaff vum Carlo Link. - Audio-File : Analyse 3. Beräich - Veranstaltungs-Formater, Auteurs-Kollektiver a Gewerkschaften - Dokteraarbecht vum Fabienne Gilbertz, eraus komm am Winterverlag : https://www.winter-verlag.de/de/detail/978-3-8253-7884-4/Gilbertz_Wortproduzenten_PDF/ - CAPE - Centre des Arts Pluriels d'Ettelbruck : https://www.cape.lu/fr/home/1/home.html  

Konferenzen
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (6)

Konferenzen

Play Episode Listen Later May 3, 2020 55:47


Enrico Lunghi © Carlo Link De lëtzebuergesche Konschtbetrib war bis an d'1980er Jore vun éischter provënziellem Charakter. Dëst huet sech mat der Vergréisserung vun der Europäescher Unioun an dem Opschwong vum Land als Finanzplaz fundamental verännert. Der Regierung hir Decisioun fir d'Grënnung vum Centre d'art contemporain am Joer 1989, genee wéi d'Deelhuelen un de Biennalen zu Venedeg zanter 1988, steet a Verbindung mat enger wuessender internationaler Oppenheet vum Land. Am Kulturjoer 1995 an trotz dem Stëllstand am Projet Peimusée, gëtt d'Konscht ëmmer méi e feste Bestanddeel vum Liewen zu Lëtzebuerg. Eng Entwécklung, déi ugedriwwe gëtt vun der Ouverture vum Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain am Mäerz 1996. Am éischte Joerzéngt vu sengem Bestoen huet de Mudam dës Positioun weider verstäerkt. D'Konferenz vum Konschthistoriker an Auteur Enrico Lunghi verfollegt déi grouss Momenter vum aussergewéinleche Parcours vun der zäitgenëssescher Konscht zu Lëtzebuerg zeréck. Opgeholl den 10. Februar am CAPE zu Ettelbréck a verschafft vum Carlo Link. Begleedmaterial zum Virtrag: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/12/30-joer-konschtgeschicht-enrico-lunghi_73b827.pdf ​Audio-Extrait Nr.1 : Ausstellungen "Casino Luxembourg - Forum d'Art contemporain" Audio-Extrait Nr.2 : Ausstellungen MUDAM Audio-Extrait Nr3 : Suite Geschicht MUDAM a Conclusiounen

Konferenzen
Les Rendez-Vous de l'UNESCO 2020

Konferenzen

Play Episode Listen Later Apr 19, 2020 55:37


De Konferenzenzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO steet 2020 ganz am Zeeche vum 25. Anniversaire, wéi d'Stad Lëtzebuerg an d'Befestegungsanlagen an de Programm vum Patrimoine Mondial vun der UNESCO opgeholl goufen. Experten aus den ënnerschiddleche Beräicher wéi Architektur, Archeologie, Industriegeschicht oder Restauratioun weisen an hire Presentatiounen de grousse Räichtum vun dësem Ierwen, dat déi ganz Mënschheet deelt, mee och d'Menacen, deenen en ausgesat ass. Am sengem Virtrag vum 2. Mäerz, deen op Lëtzebuergesch gehalen gouf, hat den Dr. Ralph Lange, wëssenschaftleche Mataarbechter am Musée Dräi Eechelen (M3E) zum Theema: "Le patrimoine fortifié: ouvrages de guerre - gardiens de paix" geschwat.  Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.  Begleetmaterial zum Virtrag vum Ralph Lange: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/11/2020-03-02-100k7_10bdf7.pdf 25 Joer Lëtzebuerg Patrimoine Mondial UNESCO: https://patrimoinemondial.lu/?fbclid=IwAR2CeXec0sEY0ew1p9O2RFVS1n9Q8wLOoVbJZL9-JBQan_wpYb1NzGaNKxM Musek: Early Venetian Lute Music (Christpher Wilson & Shirley Rumsey) Ralph Lange, M3E © Carlo Link

Konferenzen
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (5)

Konferenzen

Play Episode Listen Later Apr 13, 2020 55:28


Yves Steichen © Carlo Link Kris oder Adaptatioun? - Déi Lëtzebuerger Press am Zäitalter vum digitale Wandel (1945-2019) Entwécklung vun engem lokal-regionalen zu engem globale Player, e Virtrag Kader vu "Kulturgeschicht Lëtzebuerg" am CAPE Ettelbréck, vum Yves Steichen, Centre National de l'Audiovisuel (CNA). Eng Particularitéit vun der lëtzebuergescher Presselandschaft war et, datt d'Dageszeitungen (Luxemburger Wort, Tageblatt, Lëtzebuerger Journal, Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, an zanter 2001 respektiv 2007 och Le Quotidien an L'Essentiell) laang Zäit de Monopol fir d'Informatiounsvermëttlung a Meenungsbildung zu Lëtzebuerg haten an no politescher Loyalitéit abonéiert a gelies goufen. Nodeems fir d'éischt e lëtzebuergeschsproochege Radio (1959, Radio Lëtzebuerg) an duerno en Televisiounsprogramm (1969, Hei Elei Kuck Elei) dëse Monopol opgebrach hunn, huet déi geschriwwe Press zanter den 90er Jore virun allem mat den Erausfuerderunge vum digitale Wandel ze kämpfen: Entpolitiséierung vun der politescher a medialer Landschaft, nei Generatioune vu Mediekonsumenten, Online- a participative Journalismus, Blogosphär, Paywalls a Fake News - déi digital Transformatioun ass en internationale Phenomeen, deen och an der lëtzebuergescher Mediewelt eng Rei technesch wéi inhaltlech-ideologesch Upassungsprozesser mat sech bruecht huet. Dëse Virtrag soll dem interesséierte Public en Iwwerbléck ginn iwwer d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Press, virun a wärend dem digitalen Zäitalter. Opgeholl den 13. Januar a verschafft vum Carlo Link. Audio-Extrait aus dem 3. Deel vum Virtrag ("Bottom Line" am internationale Kontext an "Wéi huet sech d'Presse-Kris zu Lëtzebuerg geäussert?): Extrait 3, Deel vum Virtrag Film vun 1960 vum Nic Laux, deen am Virtrag gewise gouf: "Naissance d'un grand quotidien: Le Luxemburger Wort" aus den Archive vum Centre national de l'audiovisuel (CNA):  <br />

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Digitale Kapitalismus a queer Serien

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Jan 31, 2020 24:40


Et geet net duer, de Kapitalismus gréng ze maachen, wann een nohalteg wirtschafte wëll – dat war d‘Haaptthese vun engem Virtrag vum Timo Daum, deen dës Woch vum Mouvement écologique organiséiert ginn ass. Mir schwätzen doriwwer, wat et mam Rebound-Effekt op sech huet, wisou Kapitalismus a Nohaltegkeet sech widderspriechen a wat fir Spillraim an Alternativen et och ënnerhalb […]

RTL - Automag
Automag: Auto-Expert Dr. Konrad Wessner , 27/01/2020 10:45

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Jan 27, 2020


E Samschdeg goung se lass, déi 56. Editioun vum Autofestival, organiséiert vun der FEDAMO, der Fédération des Distributeurs Automobiles et de la Mobilité. D’lescht Woch gouf op d’Pressekonferenz an Table ronde invitéiert. An deem Kontext war den Auto-Expert Dr Konrad Wessner fir e Virtrag zu Lëtzebuerg. De Christian Schmit hat Geleeënheet sech mat him doriwwer ze ënnerhalen.

RTL - Automag
Automag: Auto-Expert Dr. Konrad Wessner, 27/01/2020 10:45

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Jan 27, 2020


E Samschdeg goung se lass, déi 56. Editioun vum Autofestival, organiséiert vun der FEDAMO, der Fédération des Distributeurs Automobiles et de la Mobilité. D’lescht Woch gouf op d’Pressekonferenz an Table ronde invitéiert. An deem Kontext war den Auto-Expert Dr Konrad Wessner fir e Virtrag zu Lëtzebuerg. De Christian Schmit hat Geleeënheet sech mat him doriwwer ze ënnerhalen.

Konferenzen
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (4)

Konferenzen

Play Episode Listen Later Jan 5, 2020 55:57


Lëtzebuerg op d'Weltkaart setzen - Kulturpolitik vum nation building zum Nation Branding (Fabio Spirinelli, Uni Lëtzebuerg) De Virtrag proposéiert en Iwwerbléck iwwer déi national Kulturpolitik zu Lëtzebuerg zanter der Nokrichszäit. Dobäi gëtt versicht, déi grouss Entwécklung vun den Discoursen an de politeschen Initiativen nozevollzéien an d'Etappen ze beschreiwen, déi zum haitege Kulturministère geféiert hunn. Et soll ë. a. gewise ginn, datt mat der Kulturpolitik och bestëmmten Iddie verbonne waren an Ziler verfollegt goufen. Et gouf eng laang Entwécklung vun der Kulturpolitik am Déngscht vum nation building, wéi et an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert zum Ausdrock koum, bis zur Kulturpolitik als Wirtschafts- a Standuertpolitik zanter den 1990er Joren. Dës Entwécklung war net nëmmen duerch Fortschrëtter gepräägt. Am Kader vun der Immigratioun a vun der europäescher Integratioun huet och d'Angscht virum Verloscht vun der nationaler Identitéit net an dem Discours gefeelt. War d'Kultur an der Nokrichszäit kaum eng Prioritéit vun der Regierung an als Stéifkand vun der Politik bezeechent ginn, hunn déi éischt grouss Ännerungen an den 1970er Jore stattfonnt. Zanter den 1980er Joren hu verstäerkt wirtschaftlech Iwwerleeunge matgespillt, gläichzäiteg koum et zu engem Ausbau vu kulturellen Infrastrukturen, zur Organisatioun vun zwou Kulturhaaptstied an zu enger Dynamiséierung vum kulturelle Secteur. Mat der Promotioun vun de Kreativindustrien ass méi rezent just eng weider Etapp erreecht ginn, déi international Tendenzen erëmspigelt. D'Kulturpolitik gouf an de leschte Joerzéngte verstäerkt als e Mëttel ugesinn, d'Land am Ausland ze promouvéieren - a Lëtzebuerg op d'Weltkaart ze setzen. Opgeholl de 16. Dezember am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link. PDF zum Virtrag: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/06/20191216-cape-virtrag-kulturpolitik-copie_a09b1b.pdf Videoen déi am Virtrag gewise goufen, mat den Explikatioune vum Conferencier an Audio-Extraitën: De Jang de Blanne kënnt nees heem ... Stad Lëtzebueg feiert 1000 Joer Lëtzebuerger Nationalbibliothéik Expo 150 Joer Onofhängegkeet     Fabio Spirinelli, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link  

Konferenzen
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (3)

Konferenzen

Play Episode Listen Later Jan 1, 2020 56:10


Weider mam Jabel: Lëtzebuergesch nom 2. Weltkrich - Fernand Fehlen Am Zweete Weltkrich war Lëtzebuergesch d'Symbol vun der nationaler Onofhängegkeet. Bei der sougenannter "Personenstandsaufnahme" vum 10. Oktober 1941 huet eng grouss Majoritéit "Lëtzebuergesch" als "Muttersprache" uginn, obschonn déi deemoleg Wëssenschaft an de Besatzer gesot hunn, si wär e muselfränkeschen Dialekt. Mee wéi de Krich bis eriwwer war, huet kaum eppes um eigentleche Sproochgebrauch changéiert. Och d'Astellunge vis- a-vis vun den dräi Landessproochen hu sech eréischt lues a lues geännert. D'Sproochegesetz vun 1984, dat dem Lëtzebuergeschen den offizielle Statut vun enger Nationalsprooch ginn huet, ass nëmmen eng Etapp op dësem laange Wee. Wien huet sech fir dëst Gesetz agesat, a wien huet et gebremst? Net déi Haaptprotagonisten - Lex Roth, Fernand Hoffmann a Guy Rewenig - mee déi gesellschaftlech Kräften, déi sech hanner dëse profiléieren, sollen am Mëttelpunkt stoen. Den eigentlechen, fulminanten Opschwong vun der Lëtzebuerger Sprooch kënnt eréischt am Ufank vum 21. Joerhonnert. Och do gëllt et, déi sozio-ekonomesch Ressorte vun där Dynamik ze beschreiwen. Wéi geet et weider? Wat sinn d'Erausfuerderunge vu muer? Kee vun eis kann an d'Zukunft kucken, trotzdeem zeechne sech verschidde Zenarioen elo schonn of. Opgeholl de 18. November am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link. PDF zum Virtrag vum Fernand Fehlen:https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/06/fehlen-cape-2019_52876c.pdf Fernand Fehlen, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link

Konferenzen
Archives et démocratie

Konferenzen

Play Episode Listen Later Dec 26, 2019 55:23


© VLA - Veräin vun den Lëtzebuerger Archivisten asbl Den Archivdag stoung dëst Joer am Zeeche vun den Archiven an der Demokratie, organiséiert am Kader vun der Journée internationale des archives den 9. Juni. D'Schwéierpunkte vum Colloque waren de legale Kader a Reflexioune ronderëm d'Archiven an d'Demokratie.  Invité war ënner anerem de President vum däitsche Bundesarchiv, Michael Hollmann. Säi Virtrag war iwwerschriwwen: "Das Archiv im demokratischen Verfassungsstaat - eine Ortsbestimmung". Am Resumé konzentréiere mir eis op Extraiten zum Thema, Reflexioune ronderëm d'Archiven an d'Demokratie.  D'Beiträg waren hei: "Historische Forschung - ein Hürdenlauf" (Jean Reitz an Nadine Geisler), "Archiverfahrungen - über Hindernisse auf dem Weg zum Dokument" (Germaine Goetzinger) ​Opgeholl de 7. Juni am LUCA - Luxembourg Center for Architecture a verschafft vum Carlo Link. VLA-Presidentin, Corinne Schroeder © VLA Fotoen: © VLA - Montage: CL Participante vum 9. Archivdag vum VLA de 7. Juni 2019 am LUCA, Luxembourg Center for Architecture. © VLA Manifestatiounskalenner am Kader vun de Journée internationale des archives (Juni/Juli 2019): https://www.archives.lu/pages/fr/jda/jda-2019/journee-internationale-de-archives-2019.php VLA - Veräin vun den Lëtzebuerger Archivisten: https://www.archives.lu/pages/fr/accueil.php?lang=FR

Konferenzen
Les rendez-vous de L'UNESCO

Konferenzen

Play Episode Listen Later Nov 1, 2019 55:45


Kierfechter sinn net nëmme Plaze fir Erënnerung, mee si materialiséieren och Materialien a Vergaangenheet. E Fuerschungsprojet vun der Universitéit Lëtzebuerg, "RIP", beschäftegt sech mat dësem Thema, zu deem och ee Buch mam Titel "Ewige Ruhe? Concession à perpétuité?" erauskoum. Eng vun den Autorinnen ass d'Archeologin Christiane Bis-Worch, si erkläert an hirem Virtrag bei Geleeënheet vu Les rendez-vous de l'UNESCO, wat déi Doudeg iwwer hiert d'Liewe verroden. Weider Intervenante waren nach: Thomas Kolnberger, Projet "RIP", Antoinette Reuter a Robert L. Pilippart,. Si hunn d'Buch zesumme mat der Sonja Kmec erausginn. D'Konferenz vum 7. Oktober an däitscher Sprooch, gouf opgeholl a verschafft vum Carlo Link. Les rendez-vous de l'UNESCO am Cercle Cité, de 7. Oktober 2019 © Carlo Link PDF-Datei zum Virtrag vun der Christiane Bis-Worch: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/03/vortrag-ewigeruhe-christianebis-fuer-100-7_21e597.pdf Iwwer de Fuerschungsprojet "RIP" op der Uni Lëtzbuerg: http://https://transmortality.uni.lu D'Buch "Ewige Ruhe? Concession à perpétuité?", iwwer Kulture vun der Griewer zu Lëtzebuerg an an den Nopeschregiounen, ass ze kréien am Buchhandel, oder direkt iwwer de Capybarabooks-Verlag.  http://www.capybarabooks.com/buecher/sachbuch/ewige-ruhe-concession-a-perpetuite.html Musek: Reinhard Mey - Friedhof (Live vun der CD "Ich kann" - 2006)

Konferenzen
Les Rendez-Vous de l'UNESCO

Konferenzen

Play Episode Listen Later Apr 14, 2019 56:00


De François Moyse, President vun der Association européenne pour la préservation et la valorisation de la culture et du patrimoine juifs, hat sech am Kader vu Les Rendez-vous de l'UNESCO, mam Thema: "A la découverte du patrimoine juif du Luxembourg", beschäftegt. De jiddesche Patrimoine zu Lëtzebuerg limitéiert sech net nëmmen op d'Haaptstad: Synagogen a Kierfechter, oder nach historesch Elementer vun engem industriellen Ierwen, sinn ëmsou méi geschichtlech Temoignagë vun enger Communautéit, déi an der Gesellschaft verwuerzelt ass. De Virtrag vum 3. Dezember 2018 gouf opgeholl am Cercle Cité an der Stad a verschafft vum Carlo Link. François Moyse, Président de l'Association européenne pour la préservation et la valorisation de la culture et du patrimoine juifs. © Carlo Link 1] Interieur de l'ancienne Synagogue - rue du Petit-Séminaire (1823) par Guido Oppenheim (1862-1942), 2] Synagogue - rue Notre-Dame (1894-1943), 3+4] Synagogue - 45 avenue Monterey, reconstruite après la Seconde Guerre mondiale (1953). [Domaine publique/CIL Online/Montage: C. Link] Timbre postal avec le portrait de la Synagogue de Luxembourg-Ville 1982 © François Moyse D'autre Synagogues du pays. 1] Esch/Alzette (1899-1941), 2]  Esch-sur-Alzette (1954), 3] Ettelbruck (1870), 4] Mondorf-les-Bains (1907). [Domaine publique/Wikipedia/Montage: C. Link] Inscription d'une phrase en hébreu avec les 10 commandements sur la porte d'entrée de l'ancienne Synagogue de Mondorf-les-Bains © François Moyse Cimetières juifs. 1] Tombe de la famille Lippman au cimetière Malakoff à Clausen, 2] Entrée du cimetière juif à Esch/Alzette, 3] Anciennes tombes du coté gauche au cimetière juif à Esch/Alzette, 4] Tombes plus récentes du coté droit au cimetière juif à Esch/Alzette. [Wikipedia/Montage: C. Link] Colonne d'une vie brisée au cimetière juif Malakoff à Clausen © François Moyse Affiche Journées Européennes de la Culture et du Patrimoine Juif 2018 "Storytelling", ancienne Synagogue à Mondorf-les-Bains. [AEPJ/Montage: C. Link] Circuit Godchaux © Luxembourg City Tourist Office Linken zum Virtrag vum François Moyse: https://www.jewisheritage.org/web/home https://fr.wikipedia.org/wiki/Fichier:Luxembourg_City_Plaque_synagogue_1894.jpg https://industrie.lu/godchaux.html https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2018/06-juin/17-monument-shoah.html https://www.holocaustremembrance.com/news-archive/unveiling-luxembourgs-first-monument-honouring-victims-holocaust https://en.wikipedia.org/wiki/Ramath_Orah  

Konferenzen
Lemminge, Schneeeulen und Eisbären

Konferenzen

Play Episode Listen Later Jan 6, 2019


Op kenger anerer Plaz sinn d'Konsequenze vum Klimawandel esou ze erkenne wéi an der Arktis. Eng Laangzäit-Fuerschung vun der Universitéit Freiburg iwwer dat Héich-Arktescht-Ökosystem liwwert nei Erkenntnisser an d'Realitéit vun der Verännerung. Den nordëstleche Grönland National Park ass de Liewensraum vu Lemmingen, verschiddene Schnéi-Eilen an och eng vun den Hauptwurfgebieter vun den Äisbieren. Observatioune vu méi wéi 20 Joer hunn net nëmmen ökologesch Zesummenhäng an Interaktiounen, wéi d'Lemmingzyklen op eng eenzegaarteg Manéier dokumentéiert, mee och déi schläichend Verännerungen, déi dës Landschaften ëmmer méi betreffen.  A sengem Virtrag schwätzt den Elsässer Dr. Benoît Sittler, deen 1988 de Karupelv Valley Project initiéiert hat, iwwer seng Laangzäit-Fuerschungen a Grönland an iwwer Verännerungen duerch de Klimawandel.  D'Konferenz, déi vu Polar.lu organiséiert gouf, Coorganisateur war den MNHN, ass opgeholl a verschafft gi vum Carlo Link. Interaktiv kann een dee ganze Virtrag vum Dr. Sittler un Hand vun engem Pdf suivéieren: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0001/92/klimawandel-groenland2018_050a68.pdf  Den Dr. Sittler ass Diplom-Geograph un der Universitéit Freiburg a Matgrënner vum franséische Groupe de Recherche en Ecologie Arctique. © Polar.lu Karupelv Valley Project - Eine Langzeituntersuchung über Lemmingzyklen im North-East Greenland National Park: https://www.karupelv-valley-project.de/deutsch/das-projekt/ GRÉA - Groupe de Recherche en Écologie Arctique: http://www.grearctique.org/actualites Polar.lu: https://www.polar.lu    Fotomaterial vum Lëtzebuerger Charel Klein, deen 2015 d'Geleeënheet hat während enger Expeditioun an der Arktis am Laangzäitprojet Karupelv Valley Project dem Dr. Benoît Sittler ze hëllefen: https://www.charel-klein-photography.com/other-1/birdringing/greenland/    

RTL - Sportclub
Michel Wolter , 25/04/2014 13:35

RTL - Sportclub

Play Episode Listen Later Apr 25, 2014


"Sport ass méi wéi Bewegung" sot de Sportproff Michel Wolter op der Séance Académique fir 50 Joer LASEP.De Sport huet sou vill Komponenten a soll och vun Ufank un Kanner an déi Jonk motivéieren, net nëmmen am Beräich Héichleeschtungssport. De Michel Wolter ass Sportsproff an der ENEPS an huet e Virtrag iwwer d'Vermëttlung vun de sozialen Kompetenzen duerch de Sport gehalen. Donieft ass hien och als fréieren Coureur am Jugendberäich an der Velosfederatioun engagéiert. Mam Michel Wolter schwätze mer iwwer d'Wichtegkeet vum Sport am Radio Sport Club um hallwer 2.