Podcasts about fotoen

  • 13PODCASTS
  • 47EPISODES
  • 11mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • Mar 31, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about fotoen

Latest podcast episodes about fotoen

Kultur
D'Jil Lahr huet sech géint 70 weider LEAP-Kandidaturen duerchgesat

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 31, 2025 6:13


And the winner is...: Jil Lahr! De leschte Freiden ass d'Multi-Media Kënschtlerin an der Escher Konschthal mam Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz LEAP, ausgezeechent ginn. Mat 12.500 Euro ass de LEAP ee vun den héchstdotéiertste Präisser fir visuell Konscht. D'Jil Lahr, Joergang 1991, lieft a schafft zënter hire Konschtstudien zu Hamburg. A Rauminstallatiounen übt si mat Molerei, Keramik, Fotoen an haaptsächlech gesammelten Alldagsobjeten eng satiresch Gesellschaftskritik. D'Kerstin Thalau mat Impressioune vun der LEAP-Soirée 2025.

Kultur
Claudine Muno mat "ROFF"

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 18, 2025 23:35


D'ASBL Open Screen gouf viru méi wéi 10 Joer gegrënnt fir d'Promotioun vun der Inklusioun an der Diversitéit duerch kulturell Aarbecht. Ee vun de Projeten, deen d'Claudine Muno realiséiert huet, ass d'Buch "Roff". Eng Rees duerch d'Geschicht vu Péiteng, duerch déi eis de Boy a seng Mémé begleeden an eis erziele vun de Zwangsaarbechter:innen wärend dem Zweete Weltkrich, Mënschen, déi zu Péiteng probéieren en neit Doheem ze fannen, Leit, déi hiert Liewen, hiert Been, hir Liewensfreed verluer hunn. Dotëschent awer ëmmer och eng Liewensloscht, Iwwerleeungen iwwer d'Liewen, Anekdoten, déi op Fakten an op Fiktioun stoussen. Eng déifgrënneg Recherche verbonne mat literareschem Kënnen, e Buch voller Liichtegkeet an Humor, voller Trauer an Drama. Dotëschent Skizzen, Fotoen, Kollagen, déi d'Claudine Muno realiséiert huet. De polnesche Komponist an Cellist Michal Pepol huet sech vu Péiteng inspiréiere gelooss an am Buch ass e QR-Code, mat deem een Zougang zu de Kompositioune vum Museker huet, déi zu "Roff" passen.

Kultur
De Michał Łuczak mat "Extraction" beim Prix Pictet

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 15, 2025 9:03


Zanter gutt 15 Joer belount de Pictet Group reegelméisseg ee besonnesche Foto-Projet mam Prix Pictet, an deemno mat 100'000 Schwäizer Frangen. De Präis ass un e Sujet am Beräich vun der nohalteger Entwécklung gekoppelt, déi Kéier ass e mat “Human” iwwerschriwwen. 300 international Foto-Spezialist:innen haten Aarbechte vun enger Hellewull Fotograf:inne proposéiert, e Jury huet néng Finalisten nominéiert, deenen hier Fotoen, no London, San Diego, Shanghai a München, bis dëse Sonnden inclus am Stater Cercle Cité ze gesi sinn. Déi indesch Laureatin vum aktuelle Prix Pictet, d'Gauri Gill, déi sech mat der ländlecher Populatioun an der indescher Peripherie beschäftegt, konnt leider net op Lëtzebuerg kommen, dofir war awer zum Beispill de Pol Michał Łuczak am Cercle Cité, an d'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, him e puer Froen ze stellen.

Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 1, 2024 6:05


Wa Summer an der Stad ass, ass och déi alljärlech Expo vun der Stater Fotothéik am Cercle Cité. 2024 esouguer am Kontext vun engem ronne 40. Gebuertsdag: 1984 war d'Institutioun gegrënnt ginn, fir Fotoen, déi d'Verännerungen an der Stad iwwer d'Zäit dokumentéieren, ze archivéieren, awer och zougänglech ze maachen. Zum Beispill duerch eng Summerexpo, déi dëst Joer ënner dem Motto “Put it on!” steet. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Gaby Sonnabend, Responsabel vun der Fotothéik, plus de Christian Aschman, Fotograf bei der Fotothéik: also déi zwee hanner dem “put on display”.

Kultur
Eng Kamera um Kierchbierg

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 14, 2023 3:40


Näischt bleift esou wéi et ass, an och Stadquartiere sinn a stänneger Verännerung. A senger Serie em de Kierchbierg huet de Fotograf Christian Aschman iwwert ee Joer, a méi wéi 50 Sessiounen, dëse Quartier fotografesch festgehalen. Fir de Rescht vun dësem Mount proposéiere mir iech een Adventskalenner, an deem mer zesumme mat dem Fotograf lauter Dieren, oder besser gesot Fotoen aus dëser Serie opmaachen. A Lass!

Kultur
till tills

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 2, 2023 12:01


Den Term "Moraine" bezeechent d'Material, dat vun engem Gletscher mat beweegt gëtt; den Depot dovunner heescht op englesch "tills". "Tills": esou huet de Raphaël Lecoquierre och seng Konschtinstallatioun gedeeft, déi hie bis den zéngte September am Casino presentéiert. Ze gesinn ass Stuck un de Maueren, plus geometresch Skulpturen am Raum; béides huet eppes vu pastellem Marber. Mee de franséische Kënschtler, Joergang 1988, deen zu Bréissel lieft a schafft, ass fir eise Mois européen de la photo invitéiert ginn. An tatsächlech si Fotoen d'Basismaterial vun der Aarbecht. D'Kerstin Thalau ass vum Raphaël Lecoquierre méi iwwer säi Making of gewuer ginn. 

Kultur
Wëllkomm an der Villa!

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 30, 2022 3:18


An der Moyenne leien d'Visiteurszuele vun der Villa Vauban, am Stater Parc, bei 25.000 d'Joer; duerch Corona ware se allerdéngs an de Keller gefall, mee 2022 goufen 31.000 Entréeë gezielt! Dowéinst um Enn vum Joer e Merci un de Public? D'Ekipp invitéiert all Zäit aktuell op d'Konscht-Expo "Wëllkomm an der Villa". Si presentéiere Molereien, mee och Skulpturen a Fotoen, Coups de Coeuren aus den dräi Villa-Sammlungen, déi vun neien Acquisitiounen an Donatiounen aus de leschte Joren ergänzt ginn. D'Kerstin Thalau war d'Ausstellung mat der Villa-Vauban-Konschtrestauratrice Gisèle Reuter kucken.

Kultur
Wëllkomm an der Villa!

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 29, 2022 12:00


An der Moyenne leien d'Visiteurszuele vun der Villa Vauban, am Stater Parc, bei 25.000 d'Joer; duerch Corona ware se allerdéngs an de Keller gefall, mee 2022 goufen 31.000 Entréeë gezielt! Dowéinst um Enn vum Joer e Merci un de Public? D'Ekipp invitéiert all Zäit aktuell op d'Konscht-Expo "Wëllkomm an der Villa". Si presentéiere Molereien, mee och Skulpturen a Fotoen, Coups de Coeuren aus den dräi Villa-Sammlungen, déi vun neien Acquisitiounen an Donatiounen aus de leschte Joren ergänzt ginn. D'Kerstin Thalau war d'Ausstellung mat der Villa-Vauban-Konschtrestauratrice Gisèle Reuter kucken.

Kultur
Wëllkomm an der Villa

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 29, 2022 3:31


Ënnert dem Titel "Wëllkomm an der Villa" ass de leschte Weekend an der Villa Vauban, am Stater Park, eng nei Expo opgaangen. An deem Kontext huet de Guy Thewes, den Direkter vun den zwee Muséeë vun der Stad Lëtzebuerg, e positive Bilan gezunn. An der Moyenne leien hir Visiteurszuele bei 25'000, d'Coronazäiten haten déi awer ferm no ënne gedréckt, mee 2022 sinn 31'000 Entréeë gezielt ginn! Dowéinst um Enn vum Joer e Merci un de Public? D'Expo "Wëllkomm an der Villa" presentéiert knapps 70 Wierker, gréisstendeels Molereien, ma och Skulpturen a Fotoen, vum 17. Joerhonnert bis haut, dorënner 36 nei Acquisitiounen an Donatiounen aus de leschte Joeren. D'Kerstin Thalau war d'Ausstellung mat der Konscht-Restauratrice Gisèle Reuter kucken.

Kultur
Rock-Lines.

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 8, 2022 3:22


Deen italieeneschen Auteur a Literaturiwwersetzer Davide Sapienza an de Lëtzebuerger Paleontolog Robert Weis hunn zesummen de Minett-Trail, eng Stréck vun 90 Kilometer zu Fouss bereest an derbäi ass eng Zort Reestagebuch entstane mam Titel "Rock-Lines.". Eng geopoetesch Approche mat Fotoen an Illustratiounen vun der Isabelle Mattern. D'Valerija Berdi schwätzt mam Pit Walté iwwer dëst Buch.

Kultur
Rock-Lines.

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 7, 2022 5:39


Deen italieeneschen Auteur a Literaturiwwersetzer Davide Sapienza an de Lëtzebuerger Paleontolog Robert Weis hunn zesummen de Minett-Trail, eng Stréck vun 90 Kilometer zu Fouss bereest an derbäi ass eng Zort Reestagebuch entstane mam Titel "Rock-Lines.". Eng geopoetesch Approche mat Fotoen an Illustratiounen vun der Isabelle Mattern. D'Valerija Berdi schwätzt mam Pit Walté iwwer dëst Buch.

Kultur
De Romain Urhausen am Märeler Park

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 29, 2022 3:34


Bis Enn September sinn zu Arles, a Südfrankräich, d'Rencontres internationales de la photo. Déi lescht Joren hat d'ASBL Lëtz Arles um renomméierte Foto-Festival éischter déi aktuell Lëtzebuerger Fotokonscht presentéiert. Fir d'Editioun 2022 gouf awer eng Romain-Urhausen-Retrospektiv zesummegestallt. Dem Fotograf säi Wierk erlieft zanter den 2000er Joren eng Redecouverte. 16 vu senge Fotoen, a schwaarzwäiss an am grousse Format, si momentan och op dräi Plaze vum Märeler Park ze gesinn. D'Kerstin Thalau war se mam Curateur fir Arles, de Paul Di Felice, kucken, fir Iech de Romain Urhausen nei virzestellen.

Kultur
De Projet "1001 Tonnen" erzielt kee schéint Märchen

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 22, 2022 3:23


Wärend dem Lockdown waren ëmmer méi Lëtzebuerger am Bësch. Ënner hinnen d'Fotografin Jessica Theis. Hir ass dee ganzen Offall an der Natur opgefall. Si huet Gemengen, Organisatioune kontaktéiert, Zuele studéiert, a mat ënnerschiddleche Leit de multidisziplinäre Projet "1001 Tonnen" lancéiert. 1001? De Statistiken no entsuergen eis knapps 650.000 Awunner all Joer illegal 1001 Tonnen Offall, Industriedreck net mat abegraff. D'Kerstin Thalau wollt vun der Jessica Theis wëssen, wat hir Fotoen dorunner changéiere kéinten.

Kultur
De Projet "1001 Tonnen" erzielt kee schéint Märchen

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 21, 2022 8:21


Wärend dem Lockdown waren ëmmer méi Lëtzebuerger am Bësch. D'Bueden am Gréngen huet guttgedoen. Ënner hinnen d'Jessica Theis. Hiert fotografescht A huet allerdéngs éischter rout gesinn: well hir den Offall an der Natur opgefall ass. Si huet Gemengen, Organisatioune kontaktéiert, Zuele studéiert a mat ënnerschiddleche Leit de multidisziplinäre Projet "1001 Tonnen" lancéiert. 1001? De Statistiken no entsuergen eis knapps 650.000 Awunner all Joer illegal 1001 Tonnen Offall, Industriedreck net mat abegraff. D'Kerstin Thalau wollt vun der Jessica Theis wëssen, wat hir Fotoen dorunner changéiere kéinten.

Méi wéi Sex
#97: Tëschen Thirst Trap, Sexvideoen a Bauch eranzéie – Selbstduerstellung a Sex

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later May 10, 2022 50:41


Wat ass eist Bild vun eis selwer, wa mir Sex hunn? Wéi verännere Fotoen a Videoe – vun eis, a vun anere – eist Selbstbild a Selbstwäertgefill? A wéi fillt et sech un, ee Sexvideo ze maachen? De Joël an Kelly ginn dëse Froen no an diskutéieren iwwert d’Vir- a Nodeeler vu Selfien, iwwer Thirst … „#97: Tëschen Thirst Trap, Sexvideoen a Bauch eranzéie – Selbstduerstellung a Sex“ weiterlesen

Loscht op Mord
37 - The Fappening

Loscht op Mord

Play Episode Listen Later Feb 22, 2022 28:46


Am Joer 2014 goufe vill privat Fotoen a Videoe vu Promie geleaked. Dat Ganzt ass ënnert dem Numm "The Fappening" em d'Welt gaangen. An dëser Episod erziele mir iech dëse Fall an diskutéieren iwwer d'Sécherheet am Internet a wei een seng Daten zum Deel besser schütze kann.

Kultur
"Gudden Appetit" op der Schmelz: den Digestif

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 30, 2021 4:42


Déi zwee Industriekultur-Kollektiver FerroForum an DKollektiv hu mat hirem Kachbuch "Gudden Appetit" eng spilleresch, mee och historesch Publikatioun iwwer d'Iesskultur vun de Schmelzaarbechter, mat privaten a professionelle Fotoen, Anekdoten, an natierlech Rezepter, erausbruecht. An de leschten zwou Wochen hu mir Iech "Gudden Appetit" an dräi Gäng, also Entrée/ Haaptplat/ Dessert, presentéiert. Dës Reportage fannt Dir an eiser Mediathéik. Fir komplett ze sinn, Kerstin Thalau, feelt just nach den Digestif.

Kultur
"Gudden Appetit" op der Schmelz: den Dessert

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 29, 2021 4:38


Géift Dir e Kachbuch mat Rezepter fir "Pizza Poubelle", "Poulet am Kliewsand", "Träip a Béchseravioli" erausbréngen? Déi zwee Industriekultur-Kollektiver FerroForum an DKollektiv hunn dat gemaach. Bei "Gudden Appetit" handelt et sech ëm eng spilleresch, mee och historesch Publikatioun iwwer d'Iesskultur vun de Schmelzaarbechter, mat privaten a professionelle Fotoen, Anekdoten, an natierlech Rezepter. Entrée an Haaptplat hu mir eis scho schmaache gelooss, beim drëtte Reportage si mir beim Dessert ukomm. Also beim Serge Molitor, deen dem Kerstin Thalau vu fréier erzielt huet.

Kultur
Expo: World Press Photo

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 16, 2021 5:38


4.315 Fotografinnen a Fotografen aus 130 Länner hu 74.470 Fotoen erageschéckt fir um Concours vu World Press Photo deelzehuelen. Fotoen a Fotogeschichte ginn ausgewielt, déi dann net just priméiert, mee och weltwäit ausgestallt ginn. Bei eis ass d'Ausstellung Wolrd Press Foto an der Abtei Neimënster ze gesinn. D'Valerija Berdi war op eng Visite guidée mat der Kuratorin vun der Expo, der Marika Cukrowski.  

Kultur
"Dreams of Escape" a Fotoen

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 15, 2021 5:19


Bis de 24. Oktober ass op eiser Antenne de CinÉast, de Mëttel- an Osteuropäesche Filmfestival, dee grad a verschiddene lëtzebuergesche Kinoe leeft, e wichtege Sujet. Bis ewell hutt dir eng Rei Filmrezensiounen héieren, ma zum Kaderprogramm vum CinÉast gehéieren och Concerten, Débaten, an...Ausstellungen. Firwat eng Fotoexpo nieft engem Filmfestival presentéieren, sinn di beweegt Biller net ausdrocksstaark genuch? D'Kerstin Thalau war d'Expo am Neimënster kucken a fënnt, datt d'Fotoen do extrem gutt bei den aktuelle CinÉast-Motto "Dreams of Escape" passen.

Kultur
De "Landrush" hannerfroen, an zwar "without rushing"

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 2, 2021 8:15


Mir hunn alleguerte matkritt, datt d'Landwirtschaft, wéi se haut weltwäit bedriwwe gëtt, dramatesch sozial an ekologesch Impakter wäert hunn. An datt de Klimawandel d'Saach nach verschlëmmert. Mee realiséiere mir och, wat dat konkret bedeit? D'Hamburger Fotojournaliste Frauke Huber an Uwe Martin sinn zanter 15 Joer ënnerwee, sammele weltwäit Temoignagen, maache Fotoen a Filmer, fir duerno an Zeitungsartikelen, Documentairen oder Ausstellungen kloer ze maachen, wat tatsächlech leeft. Zum Beispill bei der Expo "Landrush" am CNA. D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, d'Koppel kennenzeléieren.

Loscht op Mord
17 - Down the Hill

Loscht op Mord

Play Episode Listen Later Mar 31, 2021 48:58


Den 13. Februar 2017 sinn d' Abby (14) an d' Libby (13) zu Delphi op d' Monon High Bridge gaange fir Fotoen ze maachen. Do sinn si och ukomm, mee wéi de Papp si sollt ofhuelen, sinn d'Meedercher net opgetaucht. Den Dag drop goufen déi zwee dout opfonnt. Deen eenzegen Hiweis op Dot ass en Video deen d'Libby mat Snapchat opgeholl huet.

Kultur
D'Expo "Landrush" ass net an der Hetz entstanen

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 24, 2021 4:38


Mir hunn alleguerte matkritt, datt d'Landwirtschaft, wéi se haut weltwäit bedriwwe gëtt, dramatesch sozial an ekologesch Impakter wäert hunn. An datt de Klimawandel d'Saach nach verschlëmmert. Mee realiséiere mir och, wat dat konkret bedeit? D'Hamburger Fotojournaliste Frauke Huber an Uwe Martin sinn zanter 15 Joer ënnerwee, sammele weltwäit Temoignagen, maache Fotoen a Filmer, fir duerno an Zeitungsartikelen, Documentairen oder Ausstellungen kloer ze maachen, wat tatsächlech leeft. Aktuell presentéiere si d'Expo "Landrush" am CNA. D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, d'Koppel kennenzeléieren.

Kultur
Ready. Set. Design.: Venedeg

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 5, 2021 5:39


Wat fir Filmdécore si vu wiem zu Lëtzebuerg gebaut, respektiv sélectionéiert, ginn? Dat dokumentéiert d'Expo "Ready. Set. Design." am Cercle Cité, am Kader vum Luxembourg City Filmfestival, mat Hëllef vu Fotoen, Video- an Tounmaterial, Décorelementer, Skizzen a Landkaarten. Di gemeinsam Ausstellung vu CNA a Cercle Cité hëllt iech mat an d'Kulisse vu Filmproduktioune zu Lëtzebuerg. D'Iddi hannert dem Projet, d'Décoren an hier Kreateuren hu mir iech scho presentéiert, fir de leschten Deel vun der "Ready. Set. Design."-Triologie huet d'Kerstin Thalau d'Kiischt um Kuch gehalen.

Kultur
Fuesserie "Jonker an Transitioun": Wat ka Konscht?

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 17, 2021 5:00


Bis Enn Abrëll 2021 stinn eng 14 Schüler vun der Première E vum Lycée Aline Mayrisch am Märeler Park ... oder besser gesot hir Portraiten: maansgrouss schwaarzwäiss Fotoen, opgeholl mat enger aler Fototechnik aus dem 19. Joerhonnert, dem Kollodium-Naasplacke-Procédé. Iwwer d'Technik, iwwer d'Renconter tëschent deene Jonken an der Fotografin Séverine Peiffer hu mir an eiser Fuesserie "Jonker an Transitioun" scho geschwat. D'Kerstin Thalau wollt vun de Schüler awer och gewuer ginn, wat Konscht am ëffentleche Raum fir si kann.

park raum premi lyc jonker peiffer konscht joerhonnert jonken fototechnik fotoen
Kultur
World Press Photo 2020

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 27, 2021 4:53


An der Abtei Neimënster ass  bis den 21. Februar d'Ausstellung vun de Gewënner-Fotoen vum Wolrd Press Photo Concours 2020 ze gesinn. D'Valerija Berdi huet d'Expo besicht a vill Hannergrondinformatiounen iwwer dësen internationale Concours vun der Lëtzebuerger Land-Journalistin Ines Kurschat kritt.

Kultur
Keng "The Family of Man" ouni d'Mamm

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 5, 2021 4:25


D'Kulturhaiser si jo zou, mee dat ass fir eis awer kee Grond fir an der Tëschenzäit berüümt Sammlungen ze vergiessen. Beim Fotokënschtler a Curateur Edward Steichen senger "Family of Man" lount et sech och, d'Geschicht hanner eenzele Fotoen ze erzielen. Där Meenung sinn op alle Fall d'Kerstin Thalau an d'Carole Schmit, eng vun de Konschtvermëttlerinnen am Clierfer Schlass, wou d'"Family of Man" zanter 1994 ausgestallt an analyséiert gëtt.

Kultur
Alldeeglech Kannerzeene bei der Family of Man

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 29, 2020 3:59


Och wann 2020 villes anescht ass: um Enn vum Joer steet fir en etlech d'Famill am Mëttelpunkt. Famill/Kandheet/ Gebuert sinn och dräi vun den iwwer 30 Sujeten, mat deenen de Fotograf Edward Steichen d'Geschicht vun der "Family of Man" beliichte wollt. Wéinst de Corona-Restriktiounen sinn aktuell Visitte vu senger berüümter Fotosammlung am Clierfer Schlass leider net méiglech, mee d'Kerstin Thalau an d'Carole Schmit, Konschtenseignante a mat zoustänneg fir de pedagogesche Programm ronderëm d'"Family of Man", kënnen Iech och esou d'Geschicht vun enger vun de Fotoen erzielen.

family man programm enn joe r iech fotosammlung sujeten fotoen
Kultur
De Ruud Priem tëschent moderne Fotoen a Barockmolerei

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 16, 2020 7:53


Den éischte Juli 2020 huet de Ruud Priem säin Job als Conservateur fir international Sammlungen an eisem Nationalmusée ugetrueden. Den hollännesche Konschthistoriker, Joergang 1969, hat den MNHA 2019 kennegeléiert. Deemools hat hien, als Direkter vum Hospitaalmuseum vu Bruges, mam MNHA zesummen eng Expo iwwer spuenesch Barockkonscht op d'Bee gestallt. Den Ufank a Corona-Zäite war fir de Ruud Priem zu Lëtzebuerg net evident, well eng éischt grouss Expo net konnt realiséiert ginn. Glécklecherweis war et méiglech, zwee Projete virzezéien. Explikatioune vum Kerstin Thalau.

Kultur
Fotoen als Som fir eng besser Zukunft

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 9, 2020 5:06


Den 8. Oktober ass den 13. CinEast lancéiert ginn: de "Central and Eastern European Filmfestival" geet bis de 25. Oktober, a wäert natierlech an der Zäitspaan e wichtege Sujet vun eiser Émissioun "de grousse Kino", sinn. Nieft de Filmer sti wéi gewinnt och Concerten an Débaten um Programm, just datt déi Kéier alles am Respekt vun de sanitaire Mesuren ofleeft. An...den 8. Oktober war och de Vernissage vun der CinEast-Foto-Expo "Planting the future". D'Kerstin Thalau war kucken.

Kultur
30 Schoule fir d'Journées du Patrimoine

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 1, 2020 5:11


D'Architekte Julie Marthe Hoffmann an Étienne Duval hunn dem Service des sites et monuments nationaux proposéiert, queesch duerch Lëtzebuerg ze jauwen, Fotoen ze schéissen, an domat eng Aart visuellen Inventaire vum lëtzebuerger Patrimoine opzestellen. Den ssmn huet fir de Projet gréng Luucht ginn. A vu datt seng "Journées du Patrimoine", bis de 4. Oktober, ënnert dem Motto "Patrimoine et éducation - apprendre pour la vie!" stinn, sollt den Duo sech an enger éischter Phase op d'Schoule fokusséieren. D'Kerstin Thalau mat Explikatiounen zum Foto-Mosaik "30 Schoulen".

Kultur
De summerleche "family"-Esprit am CNA

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 16, 2020 9:04


2017 gouf dem Konschtexpert Lutz Teutloff seng Kollektioun "The Contemporary Family of Man" an d'Archive vum CNA zu Diddeleng opgeholl. Doriwwer, wéi déi 500 Fotoen, Videoen an Installatiounen, vun zum Deel berüümte Kënschtler, an Zukunft mat der Edward-Steichen-Family dialogéiere kéinten, hu mir an engem éischten Deel bericht (deen Dir an eiser Mediathéik fannt). Vue datt den Teutloff an den 1980er ugefaangen huet ze sammelen, muss allerdéngs fir d'éischt eng Expertise vun de Wierker gemaach ginn. Dat geschitt zanter 2017 an de Summerméint. D'Kerstin Thalau huet sech am CNA mat zwou Foto-Restauratricen ënnerhalen.

El café del fotógrafo
140. La luz lateral para fotografía

El café del fotógrafo

Play Episode Listen Later Jul 11, 2020 19:23


Buenos días a todos y a todas! Soy José Barceló y Volvemos un sábado más hablando de la dirección de la luz. Hoy os hablaré de la luz lateral, qué nos aporta, cuando podemos encontrar este tipo de luz, etc. https://www.youtube.com/watch?v=I1eX1Zma8oI Acordaros que esta tarde a partir de las 17:30 estaré en directo en Youtube para que podáis hacerme todas las preguntas que queráis. Lo tenéis en mi canal de Youtube si lo buscais como José BarcelóY en josebarcelo.com/directo La luz lateral en fotografía Como siempre, os dejo el resumen, esquema o escaleta del episodio para todos los suscriptores Hemos estado viendo luz frontal y la semilateral. Hoy la luz totalmente lateralRecordaremos como es esa luzEn qué situaciones la encontramosQué tipo de aspecto nos daQué tipo de fotos podemos hacerComo la identificamos al ver una fotoEs la que incide sobre el sujeto desde uno u otro ladoNos llega por la izquierda o la derechaTotalmenteA 90 grados a un lado u otroCapitulo 48 - Filtro polarizador - polarización máxima con luz a 90ºRecordad que da lo mismo si el sujeto nos mira de frente, de lado o nos da la espaldaEn qué situaciones la encontramosEn estudio colocando el flash a un lado u otro del sujetoEn la naturaleza - amanecer y atadecerDisparando hacia norte o surTened en cuenta que la posición del sol al amanecer/atardecer varía a lo largo del año más al norte o al sur Pero la idea se entiendeTenemos el sol bajo, y nos ilumina todo desde uno u otro lado. En un interior, con una ventana justo al lado del sujetoO ahora que estamos con el curso de fotografía gastronómica, colocando la comida justo al lado de la ventana.O alguien a oscuras delante de la pantalla del portatil mirándola y nosotros fotografiándolo de perfil.Le ilumina la cara de frente, pero desde nuestra perspectiva nosotros veríamos la luz lateralQue aspecto nos daMuy interesanteUn lado iluminado, el otro a la sombraSombra +/- oscura según luz reflejadaPoca luz reflejada - más oscuraMucha luz reflejada - sombra menos intensa.Una luz muy fotográficaSi es una luz suave, es muy envolventeSería el típico retrato de National Geographic Fotografía de una persona en su casa en un pais tropical nubladoLa luz entra por la puerta muy suavePara hacer juegos de luz y sombra suele venir muy bien realizar una medición puntual.Que tipo de fotos podemos hacerMucho juego de claroscuroEn una habitación grandeO con paredes oscurasO con fuente de luz muy dirigidaSi habitación pequeña y blancaMucha luz de rellenoPoco juego de claroscuroPero si es lo que buscáis ese claroscuroencajonar al sujeto en caja negraO telas negras en paredes techos y suelosEn retratoTípico retrato de media cara iluminada y la otra media oscuraEn fotografía gastronómica se utiliza bastantePara ese juego del claroscuroO rellenando la luz con un reflectorMucho volumen por la luz lateral Contenido en las sombras por la luz reflejadaEs precisamente la luz en la que nos basaremos en la primera sesión práctica del curso de Fotografía GastronómicaEn un paisajeAdemás de los bonitos colores del atardecerNos dará mucho volumen y texturaViene genial para esas fotos con montañas o con paisajes con mucho relieveEn fotografía callejeraNos da mucho juego para aislar al sujeto, tenerlo a la luz y con un fondo oscuroJuegos de claroscurosCómo identificamos esa luzLas sombras las vemos que caen hacia un ladoMás intensidad de luz a un lado que al otroNo tiene porqué quedar un lado casi negro, las sombras pueden tener contenidoEl sujeto, sea una persona, un objeto o un edificio, queda mitad a la luz y mitad a la sombraEn un paisaje veremos las sombras paralelas al borde horizontal de la fotoEn un retrato - reflejo de la luz sólo en un ojo y en el ángulo exteriorConclusión Es una luz muy bonita,muy interesante para juegos de luces y sombrasY por lo tanto jugar con las sutilezas de lo que enseñamos y lo que escondemos.Con una medición puntual podemos jugar mucho con ese juegos de luces y sombras.

Kultur
Sammelen an Zäite vu Corona

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 2, 2020 8:09


Nei sozial Kontakter op Distanz, intensiv bis traumatesch Erliefnesser a Saache Krankheet an Doud, existenziell Ängscht ... d'Corona-Kris bedeit en déiwen Aschnëtt an eis Zäit, eisen Alldag, eis Gewunnechten. Dat versichen den Ament verschidden Institutiounen mat Hëllef vu mëndlechen Temoignagen oder Fotoen ze dokumentéieren. Vill vun de Verännerunge si mat Objete verbonnen. Déi relevant ze fannen, ze sammelen an ze versuergen ass den Defi, dee sech ënner anerem de Lëtzebuerg City Museum an den Nationalmusée ginn hunn. Explikatioune vum Kerstin Thalau.

Kultur
En "hors-champ" an den historesche Kontext setzen

Kultur

Play Episode Listen Later May 22, 2020 5:27


Mir haten iech viru kuerzem mat duerch dem Christian Aschman seng Fotoausstellung "hors-champ" am CNA zu Diddeléng geholl. Et handelt sech ëm eng Aart objektiv a subjektiv Dokumentatioun vum Mierscher Agrozenter, deen 1959 opgaange war a mëttlerweil zum groussen Deel ofgerappt ginn ass. Vu datt an der Expo just 90 vun 800 Fotoe gewise kënne ginn, nieft der visueller och eng gréisser archivaresch Recherche geleescht gi war, huet de CNA décidéiert, e Buch mat weidere Fotoen an Texter erauszebréngen. D'Kerstin Thalau ass vun der Marguy Conzémius vum CNA méi doriwwer gewuer ginn.

Konferenzen
Die Neuentdeckung des Himmels

Konferenzen

Play Episode Listen Later Jan 1, 2020 55:29


© Affiche Ausstellung: "OtherWorlds" / CL "Seit wenigen Jahren haben wir den Beweis: Es gibt sie, fremde Welten, auf denen vermutlich ideale Bedingungen für die Entstehung von Leben herrschen. Dank der Erkenntnisse moderner Astrophysik erhöht sich die Wahrscheinlichkeit täglich, dass wir dieses Leben aufspüren. Dr. Florian Freistetter schildert, wie Wissenschaftler erst lernen mussten, das Unsichtbare zu sehen, um Supererden und Heiße Jupiter zu finden. Er legt dar, wie fremde Welten beschaffen sein müssen, damit auf ihnen Leben entstanden sein kann - und wie wir mit Hilfe neuer Teleskope bald herausbekommen, wie Außerirdische wirklich aussehen." [Florian Freistetter promovierte am Institut für Astronomie der Universität Wien und hat danach an der Sternwarte der Universität Jena und dem Astronomischen Rechen-Institut in Heidelberg als Astronom gearbeitet. Zur Zeit lebt er in Jena, bloggt über Wissenschaft: http://www.florian-freistetter.de. Freistetter schreibt Bücher und ist Teil des Wissenschaftskabaretts Science Busters: https://sciencebusters.at] Eng Konferenz vum 23. Oktober 2018 am Kader vun der Ausstellung Otherworlds am natur musée am Gronn, opgeholl a verschafft vum Carlo Link.  Beta Pictoris © CL - 1983 gouf mam Infraroutsatellit eng Stëbsschéif um Stär Beta Pictoris entdeckt, ee Joer méi spéit gouf déi mat engem äerdgebonnenen Teleskop fotograféiert.: https://www.eso.org/public/germany/news/eso0842/ - Zoom op den 51 Pegasi: https://www.eso.org/public/germany/videos/eso1517a/?lang Exoplanéiten Entdeckungs-Diagramm (1985-2014): Ëffentlechen Domaine Messagen un Ausserierdesch iwwer US-amerikanesch Sonden: (lénks) Duerstellung vun der Pioneer 1 & 2 Plackett (1972). (riets) Voyager 1&2 Golden Record Cover mat Gebrauchsuweisung (1977). Fotoen: Ëffentlechen Domaine - Montage: CL Bicher vum Florian Freistetter © CL  

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Steve Carmentran , 04/12/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Dec 4, 2019


Viru ronn 20 Joer huet seng Passioun ugefaangen, wéi e mat engem Kolleg an der Vakanz op Mallorca war. Wéi de Stve Carmentran do ënner Waasser getaucht ass, war et ëm hie geschitt. Mëttlerweil mécht en och Fotoen am naassen Element a war esouguer scho bei der Weltmeeschterschaft an der Ënnerwaasser-Fotografie zu Zeeland mat vun der Partie. No wéi enge Critèren  déi beschte Fotoen do erausgesicht ginn an iwwert e weidere Concours zu Monaco, huet en eis an der Mëttesstonn erzielt. Donieft goufe mer gewuer, wéi eng verschidden Tauchschäiner et ginn a wéi enge Kreaturen eisen Invité schonn am Mier begéint ass.

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Steve Carmentran, 04/12/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Dec 4, 2019


Viru ronn 20 Joer huet seng Passioun ugefaangen, wéi e mat engem Kolleg an der Vakanz op Mallorca war. Wéi de Stve Carmentran do ënner Waasser getaucht ass, war et ëm hie geschitt. Mëttlerweil mécht en och Fotoen am naassen Element a war esouguer scho bei der Weltmeeschterschaft an der Ënnerwaasser-Fotografie zu Zeeland mat vun der Partie. No wéi enge Critèren  déi beschte Fotoen do erausgesicht ginn an iwwert e weidere Concours zu Monaco, huet en eis an der Mëttesstonn erzielt. Donieft goufe mer gewuer, wéi eng verschidden Tauchschäiner et ginn a wéi enge Kreaturen eisen Invité schonn am Mier begéint ass.

Paus.
Dee mat der Generatioun Y

Paus.

Play Episode Listen Later Aug 4, 2019 37:16


X, Y, Z... de Yannick an d'Jill léieren endlech d'ABC, beschwätzen der Kanzlerin hier sexy Fotoen a froe sech, ob de Niveau vun der aktueller Generatioun sou déif ass wei d Boxen vun där virdrun. Intro geschwaat vum Wencke Fiedler

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Commentaire: De Premier weist de Wee...., 20/03/2018 07:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Mar 20, 2018


Vill schéi Fotoen mat ville wichtegen Leit gesi mer haut op rtl.lu iwwert d'Staatsvisite a Frankräich, wou gëschter den ekonomesche Volet dominéiert huet. Vun haut un kënnt e neit Gesiicht bei der offizieller Delegatioun dobäi - en anert verschwënnt - net där mannster. Dobäi ass d'Ambiance am Cortège vum Haff éischter bei der Visite a Frankräich gedréckt...eise Chefredakter Roy Grotz kuckt hannert d'Kulissen...

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Large)
Faszinatioun Fotografie, 11/02/2018 20:00

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Large)

Play Episode Listen Later Feb 11, 2018


Eng Rees duerch bal 200 Joer Geschicht vun der Fotografie Nach ni hu mir esou vill Fotoen gemaach wéi haut. Déi éischt Foto gouf viru knapp 200 Joer “geknipst”. Am Pisa huele mer Iech mat duerch d'Geschicht vun der Fotografie. Weisen wéi opwenneg et fréier wor, wann ee eng Foto maachen wollt. Erklären wéi ee seng Fotoen stockéiere muss, datt ee se méiglechst laang hale kann. A weisen, datt et beim Verschaffe vun, an Trixe mat Fotoen quasi keng Grenze gëtt.

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)
Faszinatioun Fotografie, 11/02/2018 20:00

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)

Play Episode Listen Later Feb 11, 2018


Eng Rees duerch bal 200 Joer Geschicht vun der Fotografie Nach ni hu mir esou vill Fotoen gemaach wéi haut. Déi éischt Foto gouf viru knapp 200 Joer “geknipst”. Am Pisa huele mer Iech mat duerch d'Geschicht vun der Fotografie. Weisen wéi opwenneg et fréier wor, wann ee eng Foto maachen wollt. Erklären wéi ee seng Fotoen stockéiere muss, datt ee se méiglechst laang hale kann. A weisen, datt et beim Verschaffe vun, an Trixe mat Fotoen quasi keng Grenze gëtt.

Generation Art (Small)
Generation Art - Photo Edition: "Analog Deel 2", 01/04/2017

Generation Art (Small)

Play Episode Listen Later Apr 1, 2017


Wéi gesinn déi färdeg Fotoen vun de Kandidaten aus? A wien huet et an d'Finale gepackt? Hei gitt der et gewuer!

Generation Art (Large)
Generation Art - Photo Edition: "Analog Deel 2", 01/04/2017

Generation Art (Large)

Play Episode Listen Later Apr 1, 2017


Wéi gesinn déi färdeg Fotoen vun de Kandidaten aus? A wien huet et an d'Finale gepackt? Hei gitt der et gewuer!

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)
Zäitrees duerch eis Stad, 01/12/2013 19:00

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)

Play Episode Listen Later Dec 1, 2013


Op Spueresich an der Festungsstad Lëtzebuerg Se sinn däischter, fiicht an e bëssen onheemlech. D'Kasematten! Mir weisen Iech des mysteriéis Welt ënnert eiser Stad wéi een se op enger normaler Visite ni giff gewise kréien. Um Knuedler hunn Archeologen Schanke fonnt! Ural Schanken. An déi verrode vill doriwwer wat fréier emol um heitege Knuedler lass war. A mir vergläiche Plazen an der Stad vun haut mat ale Fotoen vu fréier. An do ass ee méi wéi eng Kéier iwwerrascht wéivill d'Haaptstad sech an de leschte Joeren verännert huet.

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Large)
Zäitrees duerch eis Stad, 01/12/2013 19:00

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Large)

Play Episode Listen Later Dec 1, 2013


Op Spueresich an der Festungsstad Lëtzebuerg Se sinn däischter, fiicht an e bëssen onheemlech. D'Kasematten! Mir weisen Iech des mysteriéis Welt ënnert eiser Stad wéi een se op enger normaler Visite ni giff gewise kréien. Um Knuedler hunn Archeologen Schanke fonnt! Ural Schanken. An déi verrode vill doriwwer wat fréier emol um heitege Knuedler lass war. A mir vergläiche Plazen an der Stad vun haut mat ale Fotoen vu fréier. An do ass ee méi wéi eng Kéier iwwerrascht wéivill d'Haaptstad sech an de leschte Joeren verännert huet.

RTL - BD vun der Woch
De Radio-Reportage iwwert d'BD, 27/03/2013 10:40

RTL - BD vun der Woch

Play Episode Listen Later Mar 27, 2013


Mat vill Bonusmaterial: Eng BD mat 4 Hänn realiséieren, d'Roll vun de Faarwen, Fotoen als Virlaach, an nach vill méi...